Verfassungsreferendum: LSAP proposéiert Fro iwwer Mandater-Cumul

Am konsultative Verfassungsreferendum soll dem LSAP-Fraktiounschef no och d’Fro nom Mandater-Cumul op lokalem a nationalem Niveau gestallt ginn. Eng Anti-Cumul-Bestëmmung fir d’Deputéiert misst och an der neier Verfassung verankert ginn, sou den Alex Bodry. Wann et dofir awer keng Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber géif ginn, wier dat déi Zort kontrovers Fro iwwert déi een d’Bierger sollt ofstëmme loossen. Fréistens am Hierscht soll d'Decisioun falen, ob et am Referendum nieft ë.a. dem Auslännerwahlrecht an dem Finanzement vun de Culten och ëm de Mandater-Cumul soll goen:

 

Skeptesch ass den Ament ë.a. déi gréissten Oppositiounspartei. Den CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers stellt d’Fro, wéi d’Interesse vun de Gemengen an de legislative Prozess kënnen abruecht ginn. Eventuell misst dann een neit Organ geschafe ginn:

 

Déi Lénk gesinn d'Propose vum Alex Bodry positiv: Ëmmerhi steet an hire Parteistatutte schonn, datt een Deputéierten net gläichzäiteg Schäffen oder Buergermeeschter ka sinn. Den Deputéierte vun déi Lénk Serge Urbany bedauert awer, datt keng prinzipiell Diskussioun doriwwer gefouert gëtt, wéi eng Froen am konsultative Referendum gestallt ginn. Seng eege Partei proposéiert ë.a. fir d’Fro ze stellen, ob d’Monarchie duerch eng Republik soll ersat ginn:

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen