Verfassungsreferendum: Fro zum Auslännerwahlrecht kënnt
De konsultative Verfassungsreferendum soll am Mee-Juni 2015 organiséiert ginn an dat zu de 4 Themefelder déi am Regierungsprogramm festgehal goufen. No der Chamberinstitutiounskommissioun hunn d'Majoritéitsvertrieder sech Mëtteg kloer hannert de Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht gestallt. Anescht wéi de Justizminister Felix Braz mécht d'Majoritéit an der Chamber d'Frostellung deemno net vun engem Accord mat der CSV ofhängeg.
Virwat gouf elo decidéiert, op e Konsens mat der CSV ze verzichten? De gréngen Deputéierten Claude Adam:
Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger:
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry hat hei op der Antenn schonn annoncéiert, datt d'Chamber an desem Dossier de "Lead" iwwerhëlt. Zur Positioun vun der LSAP seet de sozialisteschen Deputéierten:
De Claude Wiseler, Adjoint vum CSV-Fraktiounschef, huet sech géint dee vun der Majoritéit proposéierte konsultative Referendum ausgeschwat:
D'CSV hat sech an hirem Wahlprogramm géint d'Auslännerwahlrecht ausgeschwat an déi Positioun och an de leschte Wochen confirméiert. Am Kader vun der Referendumskampagne wäert déi gréissten Oppositiounspartei sech viraussiichtlech fir e "Neen" an der Fro vum Auslännerwahlrecht ausschwätzen, sou nach de Claude Wiseler:
Déi Lénk begréissen d'Demarche vun der Regierung a fuerderen genug Zäit fir eng breed ëffentlech Debatt. Iwwerdeems proposéiert d'Oppositiounspartei nach weider Froen, ënnert anerem iwwert d'Ersetze vun der Monarchie duerch eng republikanesch Staasform. De Serge Urbany: