Verdächtegen Djihadist zu Lëtzebuerg festgeholl

E presuméierte Member vun engem Terrorreseau ass de Moien zu Lëtzebuerg festgeholl ginn. De Justizspriecher Henri Eippers confirméiert d’Informatioun vum spueneschen Inneministère. Onsen Informatioune no war d’Festnahm am Zentrum vum Land.

Beim presuméierten Djihadist handelt et sech em den David de Angelis. De belsche Staatsbierger soll an Europa radikal-islamesch Kämpfer rekrutéiert hunn. Donieft soll hie sech em d’Finanzéierung vun de Kämpf a Syrien, Irak a Mali bekëmmert hunn. De spueneschen Autoritéiten no, huet de presuméierten Terrorist bis Enn 2012 selwer a Syrien gekämpft. Et hätt Méint gedauert ier en hätt kënnen zu Lëtzebuerg lokaliséiert ginn.

Am Gespréich mam Serge Kesseler seet de Justizspriecher Henri Eippers iwwert d’Operatioun de Moien:

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen