Mobilitéit vel'OH! bleift payant

Fir de Vëlo-Locatiounssystem vun der Stad Lëtzebuerg muss een och an Zukunft weider bezuelen. De Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt sot eis op Nofro hin, d'Tariffer sollen déi selwecht bleiwen, och wa Bus, Tram a Bunn d'nächst Joer gratis solle ginn.

Rick Mertens / cbi

Veloh
Et kann ee säi vel'OH! an 93 Statiounen uechter d'Stad Lëtzebuerg ausléine goen.

D'Vëloslocatioun géif nämlech net direkt zum ëffentlechen Transport gehéieren, esou den DP-Schäffen. Et wier eng zousätzlech Transportméiglechkeet, déi gréisstendeels vun der Stad bezuelt géif ginn.

De Vëlossystem géif 18 Euro d'Joer, also 1,5 Euro de Mount kaschten, seet de Patrick Goldschmidt. D'Stad Lëtzebuerg hätt de Moment an a priori och net fir d'nächst Joer fir, de System vum velo'OH! gratis ze maachen.

Och un den Tariffer fir de Carsharing vun der Stad soll sech näischt änneren, wann den ëffentlechen Transport den 1. Mäerz 2020 gratis gëtt.


Den Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt am Gespréich:

Lauschteren

Méi zum Thema

Braz Schneider Cahen Bettel
Koalitiounsverhandlungen

Déi grouss Linne vum Koalitiounsaccord goufe presentéiert. De Félix Braz seet, et wier e bessere Koalitiounsaccord wéi 2013. Et wier een Accord ënner gläichberechtege Partner, esou den Etienne Schneider.

2018-11-23-Koalitiounsgespréicher
Koalitiounsverhandlungen

DP, LSAP an déi gréng hunn e virleefege Kompromëss fonnt fir den ëffentlechen Transport gratis ze maachen. Als Géigepartie soll déi steierlech Kilometerpauschal reduzéiert ginn. D'Zuele sollen awer nach emol duerchrechent ginn.

Face-a-Face-Marc-Georgen-a-Jean-Marie-Jacoby
Chamberwahlen 2018

KPL a Piratepartei sinn allebéid fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, d'Pirate schwätze léiwer vun "ticket-los" wéi vu gratis, well de Service net gratis ass, mee vun der Allgemengheet bezuelt gëtt.

Monique Goldschmit
Lëtzebuerger Vëlosinitiative

D'Vëlosinitiative ass net begeeschtert, datt an Zukunft 100 Prozent elektresch "Vel'oh"en vun der Stad Lëtzebuerg ugebueden ginn. Et hätt e Choix fir de Vëlosfuerer misse bleiwen.

Programm

Praktesch Infoen

  • 27.5. Generatiounen

    27.5. Generatiounen

    Sonn duerch Vitaminnen, eng richteg Kinosfamill an de Feeling vum Café des Artistes bei Iech an d'Stuff

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen