Utopia S.A. verhandelt mat Brauereien
Op d’mannst zwou Brauereien - Bofferding an Dikkrech - verhandelen de Moment mat der Kinochaine Utopia S.A. fir am Utopolis um Kierchbierg kënnen hire Béier unzebidden. Dat krute mer op Nofro hi vu Responsable vun der “Brasserie Nationale” an der “Brasserie de Luxembourg” confirméiert. Et geet dobäi méiglecherweis och em d'Café-Restauranten, déi an Zukunft am Kinoskomplex kënnen opmaachen.
De Bail vu fënnef esou Etablissementer, dee Bofferding geréiert hat, ass wéi mir dat gemeld haten Enn August ofgelaf. Ee vun de Betriber, de “Club 5”, huet seng Dieren an Tëschenzäit zougemaach. Déi véier Aner waarde Geriichtsdecisiounen of, déi Ugangs Oktober solle falen. D'Besëtzer vun de 4 Betriber kritiséieren ee Manktem un Informatioun vum Kinosgrupp. Bis zu 85 Leit Personal wieren am ganze vun de Fermeture betraff.
De Bäitrag vum Michel Delage: