arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "USA diskutéieren den Ament nach mat"

COP22

|
reading time

3 min

"USA diskutéieren den Ament nach mat"

Kënnegen d’USA - ënnert dem Klima-Skeptiker Trump - de Paräisser Weltklima-Accord? Zu Marrakesch gëtt d’Ëmsetze grad beroden. Fir d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg heescht et: ofwaarden.

reading time

3 min

Den Donald Trump gëllt als Klimawiessel-Skeptiker, dee weiderhin op fossil Energie wëll setzen. Also grad de Géigendeel vun deem, wat am Paräisser Klima-Accord virgesinn ass, deen och d’USA d’lescht Joer mat ënnerschriwwen hunn an zënter kuerzem a Kraaft ass.

An der marokkanescher Stad Marrakesch leeft grad de Weltklima-Sommet (COP22). Et wier schwiereg ze wëssen, op wat ee sech am grousse Ganze misst gefaasst maachen, sot d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am 100,7-Interview. "D’Amerikaner sëtzen nach hei mat um Dësch, den Trump ass och nach net a sengem Amt."

"Nach keng grouss Ännerunge bei den amerikanesche Mataarbechter"

An der éischter Woch vun der COP22, während där op Experten-Niveau diskutéiert ginn ass, wier een och schonn zu éischte Konklusioune komm, sou déi gréng Ministesch. Zum Beispill, wéi d’Wëssenschaft déi national Pläng am Kader vum Weltklima-Accord begleet. “Et soll een ofwaarden, wéi et sech entwéckelt. Den Ament gesi mer nach keng grouss Ännerungen um Niveau vun de Mataarbechter”.

De Kyoto-Accord haten d’USA deemools net ratifizéiert. Fir den Nofolge-Accord hu si de Ratifikatiounsprozess zesumme mat China lancéiert – déi zwee Staaten, also, déi am meeschte Kuelendioxid ausstoussen. D’Prozedur, fir sech vum Paräisser Accord zeréckzezéien, géif véier Joer daueren, sou laang wéi dem Trump säi Presidentemandat. Allerdéngs gesinn Observateuren eng juristesch Faille, duerch déi d’Prozedur op ee Joer kéint verkierzt ginn. Dofir missten d’Vereenegt Staaten d’Klima-Kaderkonventioun vu Rio, déi zënter 22 Joer a Kraaft ass, kënnegen.

"No manner wéi engem Joer hunn iwwer 100 Länner de Klima-Accord vu Paräis ënnerschriwwen, do ass eng Dynamik ënnerwee", seet d’Carole Dieschbourg. Als eenzegen dogéint kämpfe wier ganz schwiereg. D’USA wier an Ufank isoléiert. “An da muss ee kucken, wat sech doraus entwéckelt”.

Lëtzebuerg kéint Modell bei der Finanzéierung vu Klimamoossname ginn

D’Lëtzebuerger Regierung wéilt sech zu Marrakesch, zesumme mat den aneren EU-Memberstaaten, fir Transparenz a fir d’Ëmsetze vun den eegene Klimapläng asetzen. Si selwer géif dann d’Klimafinanzéierungs-Plattform virstellen, déi d’Regierung an d'Europäesch Investitiounsbank wëllen op d’Been setzen. "Lëtzebuerg kann e Modell sinn, wéi mer net nëmmen ëffentlech eis Responsabilitéit huelen, mee och nach privat Gelder mobiliséieren", sou déi gréng Ëmweltministesch.

D’Carole Dieschbourg wéilt op der COP22 och d’Mënscherechter, ënnert anerem d’Gläichheet tëschent de Geschlechter, an d’Diskussioun bréngen. "Et steet den Europäer och ganz zu Gesiicht, wa mer d’Agenda 2030 iwwer nohalteg Entwécklung am grousse Ganzen a Gerechtegkeet mat eran huelen".

play_arrow Carole Dieschbourg am Gespréich mam Michel Delage