US-Zougrëff op EU-Date kéint gekippt ginn

Dee vun der EU-Kommissioun decidéierte Kader fir den Transfer vu perséinlechen Donnéeën aus der Europäescher Unioun an d'USA misst fir ongülteg erkläert ginn. Dat seet den Avocat général vum Europäesche Geriichtshaff, deem seng Conclusiounen e groussen Afloss op d’Urteeler vun de Riichter hunn. Den éisterräicheschen Internetaktivist Max Schrems kéint seng Geriichtsaffär géint Facebook deemno geschwë gewannen.  

max schrems(Foto: Den Internetaktivist Max Schrems)

Et géif begrënnt Zweiwel ginn, datt d'Vereenegt Staaten den Dateschutz genuch garantéieren, sou den Avocat général haut virum EU-Geriichtshaff um Kierchbierg. Senger Meenung no sollen déi national Dateschutzautoritéiten den Datentransfer an Drëttstaate kënne suspendéieren, wann se Verletzunge vun europäeschem Recht feststellen.

D’”Safe Harbor”-Decisioun hat d’EU-Kommissioun am Joer 2000 geholl. Se gesäit vir, datt US-Firmen d’Donnéeë vun EU-Bierger dierfen an d’Vereenegt Staaten iwwerdroen. Am Géigenzuch missten se sech bereet erklären, eng Rei Dateschutzprinzipien ze respektéieren.

Plainte vun engem Internetaktivist géint Facebook

D’Geriichtsaffär geet op eng Plainte vum éisterräicheschen Internetaktivist Max Schrems géint Facebook zréck. Opgrond vun de Revelatiounen ëm déi weltwäit elektronesch Iwwerwaachung duerch den US-Geheimdéngscht NSA ass de Schrems der Meenung, datt seng Donnéeën net sécher sinn. “Fir de Plaignant Max Schrems ass et e groussen Dag, well den Avocat général seng jorelaang Beméiungen ëm d’Stäerkung vum Dateschutz an Europa eigentlech validéiert”, sot ee vu sengen Affekoten, de Professer vun der Uni.lu Herwig Hofmann. Säi Client hätt “als Eenzelpersoun fir d’Grondrechter vun den Europäer gekämpft”.

20150923-Herwig Hofman-1000470(Foto: Herwig Hofmann, Affekot a Professer op der Uni.lu)

Méiglech Konsequenze fir US-Konzerner an der EU

Elo muss d’Urteel vun den EU-Riichter ofgewaart ginn fir ze wëssen, wéi et mat der sougenanntener “Safe Harbour”-Decisioun vun der Europäescher Kommissioun weidergeet. Sollt d’Geriicht sech un d’Recommandatioune vum Avocat général halen, da kéinten net méi masseweis an ondifferenzéiert perséinlech Daten ouni Verdacht an d’USA transferéiert ginn, sou den Hofmann. Amerikanesch Internetkonzerner, déi an der EU aktiv sinn, missten sech dann un EU-Standarden a Punkto Dateschutz halen.

Audio

Den Herwig Hofmann um Mikro vum Pia Oppel:

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen