UNO Weltwaasser-Rapport Besser Notzung vu Grondwaasser kéint Subsahara-Zon transforméieren

D'Grondwaasser mécht ronn 99 Prozent vum gesamte Séisswaasser op der Äerd aus an ass a groussen Deeler vun Afrika present - allerdéngs géif dës Ressource wéinst engem Manktem un Investitiounen net benotzt oder schlecht genotzt ginn, sou der UNO hire Welt-Waasser-Rapport, deen am Virfeld vum Welt-Waasserdag vun haut erauskoum.

Isabel Scott

Illustratioun Waasser Wüst Pëtz
Foto: Bigstock / studio4a

Lauschteren

Quasi guer keng Agrarflächen an der Subsahara-Zon an Afrika géife Grondwaasser notzen, an dat obwuel et an der Regioun grouss Quantitéiten un ënnerierdeschem Grondwaasser ginn, esou d'UNO an hirem annuelle Waasser-Rapport. Knapps dräi Prozent vun deenen Agrarflächen an der Subsahara-Zon wieren iwwerhaapt fir d'Irrigatioun equipéiert.

Dem Rapport no géif et an der Regioun genuch Grondwaasser ginn, fir d'Landwirtschaft ze transforméieren a fir d'Leit mat propperem Waasser fir hir Drénk- an Hygiènesbesoinen ze versuergen. Dat allerdéngs nëmme wann d'Ressource besser genotzt gëtt, esou d'Fuerscher.

An Afrika géif Grondwaasser net genotzt ginn, well net genuch an Equipement an Infrastruktur investéiert géif ginn. Donieft géif et u Fachleit an u spezifeschen Institutioune feelen. Et wier essentiell fir eng Expertis iwwer d'nohalteg Notzung vum Grondwaasser opzebauen, heescht et am Rapport.

Mee och wann d'Grondwaasser en Deel vun der Léisung kéint sinn, warnt den Oakland Institute virdrun, datt friem Staaten oder Konzerner d'Grondwaasser fir hir Zwecker notze kéinten. International Agrar-Entreprisë géife grouss wirtschaftlech Opportunitéte fir sech an Afrika gesinn. Entreprisë kréien dacks d'Rechter op d'Notze vu Land a Waasser accordéiert.

Méi zum Thema

Miersch iwwerschwemmt
Zwee Méint méi spéit

D'Héichwaasser am Juli hunn uechter d'Land grousse Schued hannerlooss. Zu Miersch gëtt de Schued eleng un den Infrastrukturen vun der Gemeng op iwwer dräi Milliounen Euro geschat.

Staudamm Eupen
Belsch

Dräi Wochen no de schwéieren Iwwerschwemmungen an der Belsch gëtt et eng Enquête iwwer d'Katastroph. Hätt de Stauséi zu Eupen d'Waassermasse kënnen zeréckhalen a goufen et Noléissegkeete bei de Wiederwarnungen?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen