UNO-Sécherheetsrot: nei Kandidatur vu Lëtzebuerg ëm d'Joer 2030?

Den Ausseminister Jean Asselborn schléisst net aus, datt Lëtzebuerg eng weider Kandidatur als net-permanente Member vum Weltsécherheetsrot em d’Joer 2030 wäert stellen.

Enn des Mounts elo geet jiddefalls dat éischt Lëtzebuerger Mandat vun zwee Joer op en Enn. De lëtzebuerger Ausseminister ass der Meenung, datt ee besonnesch an de Beräicher vun der humanitärer Hëllef an och der Ënnerstëtzung vu Kanner a Fraen a Krichsgebidder eppes Positives hannerlooss huet.

De Jean Asselborn seet sech iwwerzeegt, datt vill Länner Lëtzebuerg net méi nëmmen als eng Finanzplaz ugesinn.

De Bäitrag vum Michel Delage:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen