Studenten an der Pandemie UNEL: "Déi Jonk briechen d'Covid-Reegelen net méi wéi déi aner"

D'Studentenorganisatioun UNEL wiert sech géint d'Vue, datt Jonker méi labber mat de Covid-Reegelen ëmginn, wéi de Recht vun der Gesellschaft. Et wier falsch, Jonker als Reegelbriecher ze stigmatiséieren.

Rick Mertens (Interview) / Nathalie Bosch & Engelina Gonçalves (Web)

Estelle Née
D'Estelle Née ass d'Spriecherin vun der Studentenorganisatioun UNEL.

Iwwer Ouschteren hätte méi Famillen zesumme gefeiert, wéi datt Jugendlecher am Park zesumme Béier gedronk hätten, esou d'Spriecherin vun der UNEL.

Jonker sollten net als Reegelbriecher stigmatiséiert ginn, esou d'Estelle Née:

"Mir bäissen op d'Zänn. An et sinn och ganz vill Jugendlecher, déi sech denken: 'Mir maachen dat aus engem gudde Grond, well mir hunn och Loscht gutt aus der Kris ze kommen.'"

D'Estelle Née mengt et wier wichteg ze kucken, datt déi Jonker ënnerstëtzt ginn, déi amgaange sinn opzegi fir längerfristeg Konsequenzen ze vermeiden:

"Well wa mir elo wärend der Pandemie keng Loscht méi hunn, an d'Loscht dann awer no der Pandemie erëmkënnt, dann ass dat eng Saach. Mee wann d'Zuel vun deenen, déi keng Loscht méi hunn perduréiert, da kann dat wierklech e groussen Impakt op eis Generatioun hunn."

Méi Normalitéit an der Uni

D'UNEL fuerdert och méi e klore Plang fir d'Coursen op der Uni Lëtzebuerg. D'Studentenorganisatioun kritiséiert, datt déi meescht Proffen hir Coursë weider haaptsächlech Online géifen halen.

All Studéierende géif sech freeën erëm dierfen op d'Uni ze goen. Et wier esou lues un der Zäit, datt se erëm eenegermoossen normal hir Studie weiderféiere kënnen, esou nach d'Estelle Née.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Judith Reicherzer Meenung
Fräie Mikro

All Woch gëtt et nei Etüden iwwer Suitte vum Covid op eis Jugend. Den Drock um Terrain gëtt all Dag méi grouss, seet d'Judith Reicherzer, Medienexpertin am Lycée Aline Mayrisch.

Jugendlecher an der Pandemie
Prisma

D'Wuelbefanne vun de Jugendlechen huet duerch d'Corona-Pandemie staark gelidden. Dat héiert een zumindest vun ëmmer méi Säiten an Experten. Déi Jonk selwer héiert ee momentan allerdéngs relativ wéineg.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen