Däitschland Und täglich grüßt das Murmeltier ...
Wann an de leschte Méint déi däitsch Kanzlerin an d'Ministerpresidente vun de Bundeslänner zesummekoumen, da goufen dacks Corona-Restriktiounen beschloss. Net esou dës Woch: nom Treffen e Méindeg koum just den Appell: Passt weider op. Domat hu sech d'Bundeslänner kloer géint d'Kanzlerin gestallt - a sinn elo an der Bréngschold.

Eppes kann een der däitscher Kanzlerin net virgeheien: nämlech datt si probéiert, just nach esou séier wéi méiglech un de Schluss vun hirer leschter Legislaturperiod ze kommen. An der Corona-Pandemie scheit d'Angela Merkel nämlech viru kengem Konflikt zeréck: net viru Corona-Kritiker, net virun auslännesche Staatscheffen, déi eng aner Linn fueren. An och net virun de Regierungscheffen aus de 16 däitsche Bundeslänner, déi fir d'Ëmsetze vun de Corona-Mesurë verantwortlech sinn.
An de leschte Méint si Kanzlerin a Ministerpresidente méi wéi eng Kéier unenee geroden. De Grond war praktesch ëmmer dee selwechten: d'Angela Merkel wollt wäitreechend Mesuren, d'Ministerpresidenten net. An allkéiers hunn d'Bundeslänner eng oder zwou Woche méi spéit dunn awer missen nozéien.
En anere Mount, déi selwecht Dynamik
Et freet ee sech, ob dann aus där Dynamik keen eppes geléiert huet. Well d'Spillche widderhëlt sech och dës Woch nees op en Neits. Beim Treffen tëschent Kanzlerin a Ministerpresidenten e Méindeg goufe keng nei Mesurë beschloss - obwuel mat iwwer 17.000 Neiinfektiounen den Dag d'Zuelen zwar net méi klammen, mee nach ëmmer wäit iwwer dem Niveau vum Fréijoer leien.
D'Argument vun de Bundeslänner: mir hate jo awer ausgemaach, haut just en Tëschebilan vun den aktuelle Mesuren ze zéien. A jo: natierlech soll et méiglech sinn, datt d'Propose vun der Bundesregierung net einfach esou ëmgesat musse ginn, wann d'Länner net domat d'Accord sinn.
Mee: am Fall vun dëser Woch hu sech d'Ministerpresidenten iwwerrascht gewisen, datt d'Regierung mat neie Virschléi koum. Hätten d'Regierungscheffe vu Potsdam, Schwerin oder Hannover net domat kënne rechnen?
Et ass genee dëst kuerzsiichtegt Denken dat dozou féiert, datt déi däitsch Restriktiounen zanter Méint ëmmer eng oder zwou Wochen ze spéit kommen. Zesumme mam Fait, datt déi gemellten Neiinfektiounen och ëmmer mat e puer Deeg Verzögerung kommen - eng geféierlech Kombinatioun.
Elo mussen d'Länner liwweren
Déi nächst Verhandlunge wäerte sech wuel virun allem ëm ee grousst Theema dréien: d'Schoul. Wärend d'Kanzlerin an och de bayresche Ministerpresident Markus Söder den Normalbetrib an de Schoulen a Fro stellen, wëllen aner Regierungscheffen d'Schoulen op kee Fall upaken.
Elo läit an Däitschland nees d'Verantwortung bei de Länner. Well, dat dierf een an dëser Dynamik och net vergiessen: ëmmer dann, wa Mesurë beschloss goufen, koumen d'Propose vun der Bundesregierung. Virum Hannergrond vun der Oneenegkeet tëschent de Bundeslänner dierf ee gespaant sinn, ob déi 16 Staatskanzleie sech bis zum nächsten Treffe mat der Kanzlerin Ufank der nächster Woch iergendwéi eens ginn.