UN-Klimakonferenz zu Lima: gemëschte Reaktioun vun der Ministerin Carole Dieschbourg
D’Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet sech zefridde gewisen, datt op der 20. UNO-Klimakonferenz zu Lima iwwerhaapt een Accord fonnt gouf. Si wier awer e wéineg enttäuscht, iwwert den Ambitiounsniveau vun dësem Pabeier mam Titel "Lima call for climate actio": Do wier sécher Loft no uewe gewiescht, esou d’Ministerin am 100,7-Interview. A Peru hätt ee Konsens tëschent 195 Länner mat verschiddenen Interesse an Zieler misste fonnt ginn. Den Accord wier awer eng gutt Basis fir d’Konferenz 2015 zu Paräis, esou d’Carole Dieschbourg, déi zesumme mam Staatssekretär Camille Gira op der Konferenz zu Lima war.
De ganzen 100,7-Interview vum Serge Kesseler mat der Ëmweltministerin Carole Dieschbourg
Ëmweltschützer sinn enttäuscht vum Resultat vun der Konferenz. D'Reaktioun vum Philippe Schockweiler, Kommunikatiounsdirekter bei Greenpeace-Lëtzebuerg
Zu Paräis soll et Enn vum nächste Joer een neie verbindleche Weltklimaaccord gi, fir d’Ophëtze vun der Äerd ze limitéieren.