Ukrain-Konflikt: "Wafferou bedeit net onbedéngt Fridden"
De Konflikt an der Ost-Ukrain ass nach keen neie Kale Krich, mee éischter eng “kal Konfrontatioun”. Där Meenung ass de Gerhard Mangott, de Professer fir Politikwëssenschaft op der Universitéit Innsbruck ass Ost-Europa- a Russland-Expert.
Och wann elo eng Wafferou kann ausgehandelt ginn, wier dat nach keng Garantie fir e laangfristege Fridden an der Regioun. Wann de facto eng nei pro-russesch Enklav géif entstoen, wou net méi geschoss gëtt, wier dat am Interesse vu Moskau. Op engem ähnleche Wee wier et zur Ofspléckung vun de völkerrechtlech net unerkannte Republiken Transnistrien (Moldawien) oder Abchasien (Georgien) komm.
De Gerhard Mangott huet och e kritesche Bléck fir d’Roll, déi d’EU an d’USA an dësem Konflikt spillen. Dem Politikwëssenschaftler no hätt d’EU Moskau mat den unilateralen Avancen zu Kiew brüskéiert. Déi europäesch Politik wier deemno op eng gewëss Manéier mat responsabel dofir, dass de russesche President Wladimir Putin fir d’éischt op der Krim an dunn am Oste vun der Ukrain aktiv intervenéiert huet.
Den Interview vum Simon Larosche mam Gerhard Mangott: