TVA-Haussë vläit schonn op den 1. Juli 2014

D’Regierung denkt 100,7-Informatiounen no driwwer no, fir d’TVA schonn op den éischte Juli oder den éischten August ze héijen. D’Probabilitéit, datt d’TVA schonn dëst Joer em zwee Prozentpunkte gehéicht gëtt ass ganz grouss, krute mer vun zwou Sourcen aus der Regierungskoalitioun confirméiert. Et missten awer nach verschidde Berechnunge gemaach ginn. Wann d’TVA schonn an den nächste Méint gehéicht gëtt, gëtt méiglecherweis e gudden Deel vun där Präishausse an der Berechnung vum Index neutraliséiert. D’Salariéë kréichen d’Hausse vun der TVA deemno net integral iwwert d’automatesch Upassung vun de Salairen a Pensioune kompenséiert. Zwou gutt informéierte Sourcen no, maachen d’Konzerner aus dem E-Commerce awer Lobbying géint eng séier TVA-Hausse.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen