TTIP Wou bleift déi informéiert Debatt?

Wann d’Europäesch Unioun an d’USA sech iwwert e Fräihandelsaccord eens ginn, da wieren iwwer 800 Millioune Bierger op béide Säite vum Atlantik betraff. Ëmsou méi wichteg, datt eng informéiert Debatt iwwert d’Vir- a Nodeeler vum sougenannten TTIP gefouert gëtt. D‘“TTIP-Leaks“ vun der leschter Woch, hunn awer leider net dozou bäigedroen, mengt de Rick Mertens.

Rick Mertens

Kommentar Rick Mertens
Rick Mertens

Et gi vill gutt Grënn fir dem Fraihandelsaccord mat den USA kritesch géintiwwer ze stoen: Dësen Accord soll den Handel tëscht Europa an Amerika vereinfachen. Zum Beispill, andeems Ëmwelt- a Verbraucherschutznormen openeen ofgestëmmt ginn. An dat kann duerchaus dozou feieren, datt d’Regulatiounen a verschiddene Beräicher ofgeschwächt ginn.


Op der anerer Säit ginn et och gutt Argumenter fir den TTIP. Eng ganz Rei Produite kéinte méi bëlleg ginn, well d’Entreprise manner mussen ausgi fir des Produiten op verschidden Aart a Weisen testen ze loossen. Dat kéint och dozou bäidroen, datt méi Leit sech verschidden ëmweltfrëndlech Produkter kënne leeschten, zum Beispill Elektroautoen, déi an Amerika produzéiert ginn.

Argumentéieren amplaz ofleenen, wat et nach net gëtt

Nach ass et awer ze fréi, fir en definitiivt Uerteel iwwert den TTIP. D’Verhandlungen iwwert de Fräihandelsaccord sinn nämlech nach amgaang. Dat ass och net z’iwwersinn, wann ee sech d’Dokumenter ukuckt, déi d’Ëmwelt-ONG Greenpeace déi lescht Woch public gemaach huet: Praktesch all Saz ass nach mat Klammeren duerchsat. An dëse Klammere steet wat déi europäesch Säit proposéiert, an niewendrun, wéi een Text d’Amerikaner sech wënschen. Wéi eng Proposë sech duerchsetzen ass am Moment nach net bekannt.


An trotzdem positionéiert Greenpeace sech elo scho kloer géint den Accord: „TTIP bedeit, datt demokratesch Rechter vum Big Business iwwerholl ginn,“ schreift d’ONG an engem Communiqué. Datt Entreprise vum TTIP profitéieren, dierft keen iwwerraschen, dat ass d’Haaptzil vun engem Handelsaccord. A wéiwäit demokratesch Rechter dorënner leiden hänkt allerdéngs dovun of, wat schlussendlech an de Accord stoe kënnt. A ween dat wëllt beaflossen, dee sollt argumentéieren, wéi en den Text gär formuléiert hätt a firwat, amplaz en Accord ofzeleenen, deen et nach guer net gëtt.

An der Mediathéik:

Wirtschaftschronik / / Rick Mertens
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen