"Trennung Kierch a Staat": Enttäuschung bei de Reliounsenseignanten
Hien huet Verständnis fir d’Enttäuschung vun der Associatioun “fir de Choix” wéinst der Conventioun tëscht Kierchen a Regierung, esou de Schoulreferent vum Bistum Jean-Louis Zeien. Et misst een awer de politesche Realitéiten an d’Aen kucken. D’Kierch an déi aner Glawensgemeinschaften hätten sech bis zum Schluss fir Alternativen zum geplangte gemeinsame Wäerteunterrecht agesat. Och an Zukunft sollen d’Glawensgemeinschafte fir déi inhaltlech Ausriichtung vum Wäerteunterrecht consultéiert ginn. E "Conseil des cultes" soll regelméisseg ëm seng Meenung gefrot ginn. Den Educatiounsminister sot sengersäits, datt an der Programmkommissioun vum neie Cours och aktuell Reliounsenseiganten vertruede sinn. Net gewosst ass, ob et sech bei den zwee Experten an der Kommissioun ëm onofhängeg Wëssenschaftler oder Pedagogen handelt, oder ëm Leit déi Glawensgemeinschaften nostinn.
Den ganzen Interview mam Jean-Louis Zeien um Micro vum Mick Entringer: