Terroralerte an der Belsch Trauer a Solidaritéit zu Bréissel

D'Attentater op d’Häerzstéck vun Europa hu vill Emotioune bei de Bierger ausgeléist. D'Bréisseler si solidaresch an hëllefen, wou si kënnen. Vu Stress ass och am Europavéirel wéineg ze spieren.

Maxi Pesch / ys

Solidaritéitsmanif Bréissel.jpg

D’Terrorattacken zu Bréissel wiere feig, seet de belsche Kinnek Philippe. An enger kuerzer Usproch huet hien d’Natioun dozou opgeruff op déi terroristesch Menace mat Determinatioun, Rou a Dignitéit ze äntwerten. Mir sollen d’Vertrauen an eis selwer halen, esou de belsche Monarch. De belsche Kinnek reagéiert seelen op aktuell Evenementer.

Den 22. Mäerz wär ni méi een Dag wéi déi aner. Dat ganzt Land géif mat den Affer an deenen, déi hinnen no stinn, leiden. De Kinnek huet de Membere vun de Rettungs- a Sécherheetsdéngschter seng Ënnerstëtzung ausgedréckt. An hien huet deene Leit Merci gesot, déi spontan hir Hëllef géifen ubidden.

D’Terrormiliz islamesche Staat huet d’Terrorattacke revendiquéiert. De Gréngen Europadeputéierte Claude Turmes seet, den Informatiounsaustausch zwëschent den Administratiounen, déi fir d'Lutte géint den Terror zoustänneg wären, misst verbessert ginn. D'Aféiere vun nationale Grenze bannent dem Schengen-Raum hält hien net fir sënnvoll.

"Mir hate Chance"

Um Dënschdegmëtteg war et roueg am Europavéirel, niewent der Metro Statioun Maelbeek, wou eng vun de Bommen explodéiert war. D’Stroosse ronderëm d’Metrosstatioun waren am Nomëtteg nach ëmmer gespaart. "Mir hate Chance, mir ware just eng hallef Stonn virum Attentat an dësem Metro," seet eng Fra, déi däitlech ënner Schock steet. "Ech fueren all Dag mat dëser Linn," erkläert een Här. Deen éischte Gedanke wär gewiescht, ob Frënn oder Bekannten touchéiert wären.

"Sou laang wéi een de Misère net gesäit, sou laang wéi ee keng Blesséiert gesäit, ass ee manner gestresst. Eréischt wann ee gesäit, vergësst een net." Vu Stress hätt een awer net vill mat kritt, erkläert een Här an engem Café matten am Häerz vum Europavéirel.

E puer honnert Mënschen hunn um Dënschdeg zu Bréissel zesummen un d’Affer vun den Attentater geduecht. Am Zentrum op der Place de la Bourse goufe bis spéit an d’Nuecht Blummen, Käerzen a Plakater néiergeluecht. "Je suis Bruxelles" konnt ee liesen.

Trauer a Roserei

Angscht hätt een keng, esou d’Pauline. Och si koum virun d’Bourse fir hir Solidaritéit auszedrécken. Si wär gläichzäiteg traureg an immens rosen. "Ech wëll dat net toleréieren. Ech wëll net, datt een eis limitéiert. An eisem Liewen. An deem, wat mir sinn. Wéi ee Sënn gëtt een dem Liewen, wann ee wëll Stierwe fir z'existéieren? Keen! Et ass vun enger kolossaler Dommheet!"

Polizisten a Journaliste bei der Solidaritéits-Versammlung op der Place de la Bourse

Et wier schéin, d’Solidaritéit ze spieren, mengt den Thibault, Student am leschte Joer op der ULB. Scho géint Mëtteg hätten d'Spideeler iwwer déi sozial Reseaue matgedeelt, datt d'Leit net méi bräichten ze kommen, fir Blutt ze spenden.

"An d'Kultur investéieren"

Op Twitter goufe mat den Hashtags #Openhouse #PorteOuverte oder #IkWilHelpen, Schlofplazen a Covoiturage ugebueden. Mir wollten einfach hëllefen heescht et vun enger Koppel, déi iwwert Twitter eng "Oppen Dier" bei sech doheem proposéiert huet: "Wann ech dat net maachen, wat soll ech da maachen?"

Well keng Metroen oder Busse gefuer sinn, hu verschidden Taxien hire Service gratis ugebueden. Datt den ëffentlechen Transport guer net gefuer ass, hunn och zwou Madamme gespiert, déi erzielen, datt si zanter zwou Stonnen zu Fouss ënnerwee wären an zwou weiderer viru sech hätten.

Eng akut Terrorgefor besteet zu Bréissel schonn zënter den Attacke vu Paräis. Déi meescht Bréisseler hätte sech och schonn dru gewinnt, datt iwwerall an de Stroossen arméiert Zaldote stinn, betount ee jonke Bréisseler, dee viru kuerzem an der belscher Haaptstad ugefaangen huet mat schaffen. Arméiert Zaldoten si senger Meenung no awer keng Léisung. "Et muss een an d'Kultur investéieren," fuerdert hien.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

euranet.jpg Analys
Terroralerte an der Belsch

Bréissel ass am Ausnamezoustand. Trotzdem geet d'Liewen an der Stad normal weider. No den Attentater an der belscher Haaptstad informéiert d'Pia Oppel iwwer déi aktuell Situatioun op der Plaz.

bréissel-loi.jpg
Terroralerte an der Belsch

D'Kattalin Landaburu ass Korrespondentin vu France24 an dem radio 100,7 zu Bréissel. Fir si ass déi belsch Haaptstad an dat ganzt Land de Moment "an engem Krichszoustand". An d'Autoritéiten an engem Dilemma.

Danièle Weber
Terroralerte an der Belsch

Eis Bréisselkorrespondentin Danièle Weber ass ronn 20 Minutten no der Explosioun am Bréissler Europaquartier laanscht d’Metrosstatioun Schuman gaang, net wäit fort vun der Statioun Maelbeek. Si erzielt, wat si gesinn huet.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen