Thomas Kirschner (PVG) iwwerhëllt Distributioun vun der Press zu Lëtzebuerg
D'Firma VALORA këmmert sech net méi ëm d'Distributioun vun der Press, mee nëmmen nach ëm de klengen Handel dovun. Zu Lëtzebuerg ass dat an den Zeitungsbutteker “K – Kiosk”. D'Distributioun leeft elo ënnert der s.à.r.l. "MPK Luxembourg", déi zanter Kuerzem dem däitsche Grousshändler Thomas Kirschner gehéiert, Haaptaktionär beim Pressevertrieb PVG mat Sëtz zu Frankfurt.
Béid VALORA an déi nei "MPK Luxembourg" betounen, datt sech fir elo mol net vill soll änneren: d’schwäizer Valora confirméiert, datt een zur Zäit net um Verkaf vum Retail-Deel zu Lëtzebuerg interesséiert ass. Am Géigendeel, mam Verkaf vum Distributiouns-Deel wëll ee sech komplett op d'Entwécklung vum Eenzelhandel konzentréieren.
"MPK Luxembourg" betount, datt den Iwwergank mam Thomas Kirschner gutt verleeft, wéinst deem senger Erfahrung an der Branche an den Infrastrukturen, déi schonn do sinn. D’ Distributiouns Servicer vun "MPK luxembourg" fueren scho laang mam IT-Programm vu PVG, der Firma vum Kirschner.
De Bäitrag vum Martin Schauss:
De ganzen Interview vum Martin Schauss mam Myriam Filali (VALORA):
De ganzen Interview mam Nico Brauer (MPK):