Carola Rackete am Europaparlament Tëschent Heldin an Haassfigur

Eng Standing Ovation gouf et gëschter am Europaparlament fir d'Carola Rackete, der Kapitänin vum Rettungsschëff Sea Watch. Am Debat hu sech awer och déi zu Wuert gemellt, déi fannen, datt déi jonk Aktivistin an de Prisong gehéiert. D'Fro, wéi Mënschen am Mëttelmier solle gerett ginn, bleift an der EU ëmstridden. Ee virleefegen Accord tëschent véier EU-Länner kéint zwar eng temporär Léisung bréngen. Et gëtt doran awer och zweiwelhaft Punkten, sou d'Carola Rackete zu Bréissel.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Carola Rackete
D'Carola Rackete. Foto: picture alliance/Mohssen Assanimoghaddam/dpa

Eng engagéiert Ried, relativ niichtern virgedroen, déi et awer vum Contenu hier a sech huet.

D'Carola Rackete hëlt d'Europadeputéiert mat op d'Mier, wou sech ëmmer nees virun hiren Ae grausam Zeenen ofspillen.

"Ech erënnere mech, wéi lauter Kierper ronderëm eist Schëff geschwomme sinn.", sou d'Kapitänin vun der Sea Watch. "Ee vun eise Volontairen, de Martin, huet de Kierper vun engem klenge Kand aus dem Waasser gezunn. Et war, wéi wann hien den Doud net akzeptéiere konnt. Hien huet net opgehale fir d'Kand ze sangen, wéi wann et nach um Liewe wier."

"Empfaangen, wéi mat der Pescht u Bord"

Hir schlëmmsten Experienz awer wier et gewiescht, wéi si 17 Deeg laang mat iwwer 50 Refugiéen u Bord am Mëttelmier ronderëm geiert ass. D'Decisioun, ouni Autorisatioun u Land ze goen, huet si missen huelen, well d'Situatioun um Schëff sech zougespëtzt huet.

"Ech gouf empfaangen, wéi wann ech d'Pescht u Bord hätt, an net mat Leit, déi mat hirer Kraaft um Enn sinn an Hëllef brauchen", sou d'Carola Rackete. "Et war haart eng europäesch Biergerin ze sinn, an deenen Deeg, ech hu mech geschummt."

An dann d'Fro direkt un d'Deputéiert geriicht: "Wou waart dir, wéi mir iwwer all Kanäl no Hëllef geruff hunn?"

Trotzdem gouf et nom Speach Standing Ovation am Sall. Dat ass seelen an enger Kommissiounssitzung am Europaparlament.

"Dir sollt eigentlech am Prisong setzen"

Allerdéngs bréngen d'Interventioune vu verschiddenen Deputéiert dono d'Stëmmung nees op de Buedem vun der europäescher Realitéit.

"Dir hutt et net verdéngt als Heldin gefeiert ze ginn, Dir schafft mat Schleiser zesummen", reprochéiert d'Anna Tardino vun der rietser Lega Nord der Kapitänin.

De Belsch Tom Vandendriesche vum Vlaams Belang ass ganz d'Accord: "Dir sidd Deel vun engem kriminelle Reseau, dofir sollt Dir eigentlech nei hei, mee am Prisong sëtzen".

Dat sollte Geriichter decidéieren, äntwert dorop den Däitsche Gréngen Erik Marquardt. "D'Gesetzer ginn enger Kapitänin d'Recht an een Hafen anzelafen, wa si an Nout sinn".

Genee dat ass awer an der Praxis den Ament net onëmstridden an der EU.

Ufanks der nächster Woch kommen déi responsabel Ministeren zu Lëtzebuerg zesummen, fir op en Neits doriwwer ze diskutéieren, wéi mat Leit, déi um Mier gerett ginn, soll verfuer ginn.

Um Dësch läit een Accord, dee virun zwou Woche véier EU-Länner ofgeschloss hunn.

Deemno géifen d'Refugiéen fir d'éischt an een Hafen an Italien oder op Malta bruecht an dann no engem Schlëssel op verschidden EU-Länner verdeelt ginn. Wa sech da Fräiwëlleger genuch fannen.

Libyen - ee Partner oder eng Gefor?

An där Deklaratioun vu Malta sti Sätz, déi vu Säite vun Aktiviste wéi der Carola Rackete als kriddeleg gesi ginn.

Zum Beispill deen, datt all Rettungsschëff misst den Instruktioune vun de Garde-Côte follegen, och deene vu Libyen.

"Déi libesch Autoritéite wäerte mir da virschreiwen, datt ech d'Leit an een Hafen a Libyen brénge soll. Geriichter hunn awer unerkannt, datt dat keng sécher Plaze sinn", seet dozou d'Carola Rackete.

D'Fro awer, wéi ee mat Libye verfuere soll, ass och eng, déi an der EU ëmstridden ass.

"D'Positioun vun der EU ass déi, datt Libye keng sécher Plaz ass, wouhi Schëffer, déi ënner engem europäesche Fändel fueren, Leit sollten hibréngen", betount zwar de Michael Shotter am Numm vun der Europäescher Kommissioun op Nofro vu verschiddenen Europadeputéierten.

D'Schëffer vun de libesche Garde-Côtë maachen awer genee dat. Forméiert ginn déi libesch Beamten ënner anerem vun der EU.

Och dat ass Deel vun der ëmstriddener a widderspréchlecher EU-Politik am Mëttelmier.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel
EU-Sommet

D'EU misst d'Iddi vu Flüchtlingsquoten definitiv fale loossen, seet de Sebastian Kurz. E Präis fir Refugiéen auszerechnen an de Staaten d'Méiglechkeet ze gi fir sech kënne fräi ze kafen wier déi falsch Léisung, seet de Xavier Bettel.

Net verpassen

  • 09.09. Ligne 2 Birthday Edition

    5 Joer_Ligne 2.jpg

    Fir de 5. Gebuertsdag vun der Ligne 2 an de 50. Gebuertsdag vum Hip-Hop: all d'Klassiker vun den 80er, déi d'Fundament fir den Hip-Hop, wéi mir en haut kennen, geluecht hunn.

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Déi lescht Wochen huet de radio 100,7 vill iwwer d'Gemengewale bericht: All eis Reportagen, Interviewen an Analysen.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen