Temoignage vun engem Bootsflüchtling aus Eritrea
De Meron wëll net erkannt ginn, aus Angscht virun negative Konsequenze fir seng Famill an Eritrea
Vill Flüchtlingen, déi iwwert d’Mëttelmier an Europa kommen, kommen aus dem ostafrikanesche Land Eritrea. D’Mënschen do flüchten net wéint Honger oder Krich, mä virum Diktator Isayas Afewerki. De Meron (Numm vun der Redaktioun geännert) lieft elo an Däitschland, direkt bei der Grenz mat Lëtzebuerg. Säi Papp ass zanter fënnef Joer an engem eritreesche Prisong. Et ware Leit vum Militär, déi hie matgeholl hunn. Och hien selwer a seng Mamm waren eng Woch ouni Grond festgeholl ginn, erzielt de 24 Joer ale Mann. 2012 huet de Meron déi éischte Kéier versicht ze flüchten. Hien ass vun Eritrea ze Fouss an Äthiopie getrëppelt a vun do aus huet en och versicht an de Sudan ze trëppelen. Ënnerwee ass hien op Schlepper getraff. Wann hie sech elo u seng Rees erënnert, kënnt him alles vir, wéi en Dram. Zemools seng Zäit um Boot vu Libyen an Italien wier irreal. Vun Italien aus ass hie mam Bus a mam Zuch weider a Frankräich an dann an Däitschland gefuer. D'Tessy Steffen-König huet sech mat dem jonke Flüchtling fir eisen Dossier vum Dag ënnerhal: