Steierpolitik Table ronde: International Steiergerechtegkeet

“Den internationale Steiersystem fonctionnéiert net méi.” Doriwwer ware sech d’Invitéen vun enger Table Ronde vum Cercle de Cooperation den 2. Juni hei zu Lëtzebuerg Eens. Sujet am Débat waren ënnert anerem d’Flucht vu Kapital aus dem afrikanesche Kontinent, d’geplangten Steier-Transparenz Mesure vun der OECD (de sougenannte BEPS-Programm), d’rezent Luxleaks Revelatiounen an d’Rolle vu Lëtzebuerg a vun der lëtzebuerger Finanzplaz an der globaler Steierlandschaft.

L1000127.jpg

D’Plattform vun ONGen am Beräich vun der Entwécklungshëllef huet zesumme mat Etika a Gréng Stëftung d'Table Ronde organiséiert ënnert dem Titel: “Illicit Financial Flows – Out of Africa into the wild”. D’Invitéen waren de Franz Fayot (Députéierten, LSAP), de Michael Otieno Oloo (Tax Justice Network – Africa), de Keith O’Donnell (Managing Partner bei der Steierberodungsfirma ATOZ), de Rainer Falk (Grënner vum Informatiounsblat Weltwirtschaft und Entwicklung) an de Mike Mathias (President vu Gréng Stëftung a Member vum Staatsrot).

D’Opnam vun der ganzer Table ronde an der Banque de Luxembourg (Englesch):

 

Den Interview vum François Aulner mam Keith O’Donnell no der Table Ronde (Franséisch):

Méi zum Thema

ICIJ LuxLeaks Dossier
Steiervirdeeler fir Betriber

En Dossier zur Berichterstattung vum radio 100,7 iwwer d'LuxLeaks-Revelatiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen