Table Ronde Cannabis Bündnis

(Photo vum Paul Matzet)
Zanter deem d’Cannabis Bündnis d'läscht Joer gegrënnt gouf, ass d’Diskussioun ëm eng Legaliséierung vun der Substanz rëm en Thema an der Gesellschaft. Wou ass een drun bei de wëssenschaftleche Kenntnisser a wéi steet et um politesche Plang hei zu Lëtzebuerg? Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum Cannabis Bündnis, hunn Experten a Politiker sech mat deene Froe beschäftegt.
Eens ware sech d’Politiker an d’Experten um Terrain, virun allem op engem Punkt: sou wéi d’Drogepolitik am Moment ass kéint et net weidergoen.
D'DP well elo an den nächste Wochen a Méint sech intensiv mat der Thematik vum "medizinesche Cannabis" beschäftegen, esou de liberalen Députéierte Max Hahn. D'LSAP-Députéiert Cécile Hemmen huet hirersäits d'Experten an eng Chamber-Gesondheetskommissioun invitéiert, fir ënnert anerem iwwert d'Präventioun Erklärungen e ginn.
Den Dossier vum Dag mam David Winter:
Den éischten Deel vun der table ronde mat: Jean-Paul Nilles (CePT, Centre de Prévention des Toxicomanies), Jean-Nico Pierre (Jugend- an Drogenhëllef), René Meneghetti (IMPULS) a Nico Wagener (Entrepreneur):
Den zweeten Deel vun der table ronde mat: Martine Hansen (Députéiert, CSV), Max Hahn (Députéierten, DP), Cécile Hemmen (Députéiert, LSAP), Josée Lorsché (Députéiert, Déi Gréng), Guy Bouchard (ADR, President Bezierk Süden) an David Wagner (zukünftegen Députéierten vun Déi Lénk):