Syrien "Vill Redaktiounen interesséiert et manner wann eng Schoul opgeet"

Kämpf um Buedem a Loftattacken hu ganz Deeler vun der syrescher Stad Aleppo zerstéiert. D’Populatioun muss mam Minimum auskommen. Zënter 2012 sti sech hei syresch Truppen a Rebelle géigeniwwer, et geet ëm d’Kontroll vun de fréierer Wirtschaftsmetropol. De syresche Fotograf Ammar Abd Rabbo war an de leschte Joeren ëmmer nees op der Plaz fir sech e Bild... a Biller ze maachen.

France Ewen, md

AAR_032016_0770.jpg
© Ammar Abd Rabbo

Dem Ammar Abd Rabbo seng photographesch Aarbecht ënnerscheed sech – eegenen Aussoen no - vun de Biller, déi an de Medien uechter d’Welt zirkuléieren. De Fotograf dokumentéiert manner den Ausmooss vun der Zerstéierung. “Ech interesséiere mech méi fir d’Mënschen, fir déijéindeg, déi nach op der Plaz sinn an trotz allem versichen ze liewen, ouni Waasser, ouni Elektresch, a mat de wéinege Liewensmëttel, déi vu baussen era kommen.”

Aleppo ass eng vun den eelste Stied a Syrien. "Wéinst der Citadelle an och dem Souk, eng aussergewéinlech Stad", fënnt den Ammar Abd Rabbo. D’Populatioun selwer géif hien inspiréieren. D’Leit hätte sech un de Krichszoustand gewinnt, sech der Situatioun ugepasst, Schoulen a Kliniken opgemaach. “Trotz allem vertrauen d’Leit an d’Zukunft. Si laachen, si erfannen eng Aart a Weis fir d’Stad ze verwalten, botzen hire Quartier. Well et keng Gemeng méi gëtt schafen se eng nei, a sou weider”.

"Dat ass den Zoustand vun der Press"

Den Ammar Abd Rabbo bedauert, datt d’Medien nëmme wéineg vu senge Fotoe vun Aleppo aus de Joeren 2013 an 2014 publizéiert hunn. Vill Zeitunge géife seng Clichéen zwar interessant fanne mee net sensationell genuch, sou de Fotograf. “A Bezuch op Syrien huet een éischter d’Tendenz iwwert de sougenannten Islamesche Staat an deem seng Ausschreidungen ze schwätzen. Fir vill Redaktiounen ass et manner interessant wann eng Schoul opgeet, wann d’Joffer ënnert de Bomme schoul hält. Dat ass den Zoustand vun der Press. Ech bedaueren dat”.

De syresche Fotograf hofft, datt d’Populatioun zu Aleppo an och am Rescht vu Syrien an den nächste Joeren nees zur Rou ka kommen an hiert Liewe sech verbessert.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen