Syfel géint Ofschafe vu Kierchefabriken
De Syndikat vun de Kierchefabriken ass net géint de Fong, deen d’Kierchegebaier an d’Zukunft soll verwalten. Et stellt ee sech awer Froen iwwert d’Envergure dovunner, esou de SYFEL-Vizepresident Marc Linden. Hie gëtt ze bedenken, datt een zentralistescht Organ keen Iwwerbléck wäert iwwert dat ganzt Land behalen, ee lokalen Ancrage wier einfach néideg. De SYFEL hofft, dass een zesumme mam SYVICOL nach seng Doleancen an d’Gesetz kann abréngen. Déi ënnerschriwe Konventioun tëschent der Regierung an dem Bistum wier jo nach nëmmen e Provisorium, esou de Marc Linden.
Den Interview vum Sophie Morang mam Marc Linden: