Falsifizéiert Covid-Certificaten Sven Clement: Dokter un de Parquet gemellt

De Sven Clement huet Ufank vun dëser Woch een Dokter un de Parquet gemellt, dee falsifizéiert Covid-Certificate soll ausgestallt hunn. Den Deputéierten hätt Kenntnis vu Fäll kritt, bei deene Leit anscheinend eng Sprëtz gesat kruten, wou keen Impfstoff soll dra gewiescht sinn.

Serge Kesseler

Sven Clement
Foto: Archiv

"Et schéngt wéi wann d'Problematik vu falsche Covid-Certificaten eng Masseproblematik wier, déi queesch duerch all Gesellschaftsschichte geet" seet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

Hien huet Ufank vun dëser Woch een Dokter un de Parquet gemellt, dee falsifizéiert Covid-Certificaten soll ausgestallt hunn.

Hien hätt Kenntnis vu Fäll kritt, bei deene Leit anscheinend eng Sprëtz gesat kruten, awer keen Impfstoff soll dra gewiescht sinn, huet den Deputéierten haut op Nofro vum radio 100,7 erkläert. Et wier elo um Parquet z'ermëttelen, esou de Sven Clement weider.

Hien hätt dës Fall iwwer déi sozial Netzwierker zougedroe kritt. An hien hätt selwer gesinn, datt Leit sech mat falschen Certificaten op de sozialen Netzwierker gebretzt hätten.

Dëst wier no Meenung vum Deputéierten e Verhalen, dat - "grad an dësen Zäiten" - net ze toleréiere wier. De Sven Clement hat gëschter op Twitter matgedeelt, datt hien een Dokter un de Parquet gemellt hat.

Méi zum Thema

Test & Impfzenter an der Stad
Stad Lëtzebuerg

Zenter e puer Deeg kann een sech och an der Stater Groussgaass impfe loossen: e Samschden ass hei e weideren Impfzenter opgaangen. Den Undrang um Dënschdeg Mëtteg huet sech awer a Grenze gehalen.

CovidCheck
Update vun App

Déi nei Versioun vun der Lëtzebuerger CovidCheck-Applikatioun soll vu spéitstens muer u kënnen erof geluede ginn. An dëser Versioun wäerten déi bekannte Fäll vu falschen Nimm net méi als gülteg Certificaten ugewise ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen