Chamber-Ëmweltkommissioun Superdreckskëscht: Et soll méi Transparenz geschaf ginn
D'Diskussioune ronderëm d'Superdreckskëscht goufen e Mëttwoch an der Ëmweltkommissioun vun der Chamber nach eemol opgegraff, dat op Initiativ vun der Ëmweltministerin. No de sëllege Kriticke wéinst ontransparente Verrechnungsmethoden goufen elo weider Schrëtt a Richtung méi Transparenz versprach.

Reaktioune vun déi Lénk an CSV
Bei der Myriam Chechetti vun déi Lénk sinn d'Erklärunge vun der Ëmweltministerin gutt ukomm. Si gesäit d'Joëlle Welfring um richtege Wee an et wier elo wichteg, datt een d'Facturatiounen an Zukunft besser novollzéie kéint.
Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth mengt dogéint, et wier een no den Diskussiounen "esou schlau wéi virdrun":
"[...] mir goufen annerhallef Stonn laang zougelabert mat enger ganzer Rei vun Informatiounen, wéi datt en internationalen Audit géif gemaach ginn, mee op déi essentiell Froe gouf eis keng Äntwert ginn."
J. Welfring: Zefridde mat Kooperatiounsbereetschaft
D'Ministerin selwer huet an der Kommissioun erkläert, wéi eng Kontrollméiglechkeeten een iwwer e Reviseur hätt. Weider géif een d'Gestioun vun der Superdreckskëscht par Rapport zum Gesetz vun de marchés publics préiwen, an och déi sëllege Sous-Traitance méi genee ënner d'Lupp huelen.
Et wier een amgaangen zimmlech vill Informatiounen unzefroen an Ofleef ze änneren, esou d'Joëlle Welfring. D'Ministerin ass och zefridde mat der Kooperatiounsbereetschaft vun de Responsabele vun der Superdreckskëscht.
D'Ministerin hat de Mëttwoch och en externen Expert an d'Kommissioun bestallt fir iwwer d'Kontrollméiglechkeeten no internationalem Standard ze informéieren.