Vincent Artuso a Charel Barthel Sträitgespréich tëscht Historiker

De Vincent Artuso, Auteur vum Rapport iwwert d’Roll vun de Lëtzebuerger Autoritéiten um Ufank vum Zweete Weltkrich, huet sengem Historiker-Kolleg Charel Barthel virgeheit, d’Uni Lëtzebuerg net op d’Existenz vu wichtege Quellen opmierksam gemaach ze hunn. An engem Sträitgespréich huet den Artuso sech géint déi schaarf Kritike verdeedegt, déi de Barthel virun zwou Wochen am Lëtzebuerger Wort formuléiert hat.

Barthel-Artuso.jpg
De Charel Barthel, d’Mick Entringer an de Vincent Artuso (v.l.n.r.)

Kontextualiséieren amplaz jugéieren?

Dem Charel Barthel no fehlt et dem Artuso-Rapport u Seriositéit. Amplaz sech reng op “plakeg Fakten” ze beruffen, géif den Auteur et dacks bei net fondéierte Spekulatioune beloossen. “De Rapport Artuso erënnert mech vun der éischter bis zur leschter Säit un eng Accusatiounsschrëft”, sou de Charel Barthel. Op de Reproche hien hätt just “à charge” enquêtéiert, äntwert de Vincent Artuso: “Ech si kee Staatsanwalt an och kee Richter.” Seng Aarbecht wier net gewiescht eng Instruktioun ze maachen, mee den historesche Kontext ze retracéieren.

De Vincent Artuso wiert sech och géint d’Kritik säi Rapport wier net equilibréiert. Grad wat d’Verwaltungskommissioun ugeet, wier de Rapport deels “extrem ambivalent”. Déi vun der Chamber agesate Regierungskommissioun hätt versicht, d’Souveränitéit vum Land ze erhalen an dowéinst virun allem géint de Gauleiter Widderstand geleescht, mee net géint de Nazi-Regime. D’Membere vun där Kommissioun hätten dowéinst a verschiddene Situatioune Resistenz geleescht an an anere kollaboréiert: “De ganzen Enjeu vum Rapport war ze soen, wat zu wat fir engem Moment geschitt ass.”

Méi Quellen hätte kënne consultéiert ginn

Obwuel de Charel Barthel eegenen Aussoen no keen Expert an dëser Matière ass, wier him nawell opgefall, dass de Vincent Artuso vill Quellen net consultéiert oder falsch interpretéiert hätt. Notamment hätt hie verpasst Akten aus der Chamber vu Mee 1940, grad wéi d’Archive vum Staatsrot, vum Educatiounsministère a vun der lëtzebuerger Ambassade zu Washington ze consultéieren.

Dorobber huet de Vincent Artuso geäntwert, dass hie just 20 Méint fir d’Recherche hat an awer vill wichteg Archive consultéiert hätt, notamment an de Nationalarchiven, d’Gestapo-Archiven am ITS zu Bad Arolsen, d’Joint-Archiven zu New York. Iwwerdeems hätt de Staatsministère een Opruff un d’Administratioune gemaach, fir all relevant Quelle beim Comité scientifique ze mellen. De Charel Barthel hätt als deemolegen Direkter vumCentre d’études et de recherches européennes Robert Schuman net op deen Opruff reagéiert, sou de Reproche vum Vincent Artuso. Dat obwuel de Charel Barthel weess, wou nach wichteg Dokumenter ze fanne sinn. Dozou sot de Charel Barthel, hie wier vum Rapport réischt bei der Publikatioun am Februar eppes gewuer ginn.

Politesch Motivatiounen

Béid Historiker hunn sech reprochéiert, hir Interpretatioun vun de Faite wier politesch motivéiert. De Charel Barthel huet vu parteipoliteschem Drock geschwat, an dovunner dass de Rapport parteipolitesch exploitéiert gouf. De Vincent Artuso huet drop higewisen, dass de Comité Scientifique aacht Memberen hat, déi politesch net op enger Linn leien: “Een Denis Scuto an ee Paul Dostert denken absolut guer net dat selwecht iwwert de Sujet an och iwwert eise Beruff.”

Zum Kontext:

De Vincent Artuso huet am Optrag vum fréiere CSV-Premier Jean-Claude Juncker d’Roll vum lëtzebuerger Staat beliicht bei der Verfolgung vun de Judden an de Joren 1933-1941. Den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg zitt d’Konklusioun, datt déi lëtzebuergesch Autoritéiten an den éischte Méint vun der Okkupatioun mat den Nazie kollaboréiert hunn, fir jüdesch Persounen ze identifizéieren, ze diskriminéieren, ze enteegnen an ze poursuivéieren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen