Neien Outil op myguichet.lu D'Steiererklärung gëtt méi einfach

Vum nächste Joer un kann een Zäit spueren, wann ee seng Steiererklärung online mécht: Vum 7. Februar d'nächst Joer un kann ee seng Steiererklärung nämlech mat engem neien digitalen Outil op myguichet.lu ausfëllen. Doduerch soll den Delai, bannent deem een eng Äntwert vun der Steierverwaltung kritt, däitlech gekierzt ginn.

Isabel Scott / tt

Besteierung
Foto: Bigstock/FreedomTumZ

Den neien digitalen Assistent um Site myguichet.lu hätt vill Virdeeler am Verglach mam aktuelle System, mengt den Digitaliséierungsminister Marc Hansen. Vum nächste Joer un bräicht een nämlech kee PDF-Dokument méi auszefëllen, wann ee seng Steiererklärung online ofgëtt. Den digitalen Assistent passt sech un d'Äntwerte vun de Bierger un a weist just nach relevant Froen un.

Nieft deem méi einfache Formulaire fir d'Bierger gëtt et an Zukunft och fir d'Steierverwaltung méi einfach: Dokumenter, déi een iwwer d'Applikatioun vu myguichet.lu eropluet, ginn nämlech an Zukunft automatesch digital opgeschlësselt, a kënnen da méi séier vun der Steierverwaltung verschafft ginn.

Doduerch misst een dann och net méi méintelaang op eng Äntwert waarden, esou d'Direktesch vun der Steierverwaltung Pascale Toussing. Am Prinzip kéinten d'Leit vum nächste Joer un dermat rechnen, hiren Decompte bannent zwou Wochen ze kréien. Dat allerdéngs mat enger Bedingung: "datt d'Steiererklärunge vun de Leit bis d'Steierjoer 2020 inklusiv dobanne sinn."

Bis elo konnt een d'Steiererklärung als Pabeierversioun oder online an engem PDF-Dokument ausfëllen. Béid Mesurë géifen och weider bestoe bleiwen, allerdéngs muss een dann och weiderhi méi laang wéi zwou Wochen op säin Decompte waarden.

Méi zum Thema

Covid-Check.lu
Covidcheck-App

Mat der Covidcheck-App ka kontrolléiert ginn, ob d'Dokumenter fir Geheelter, Geimpfter oder Getester authentesch sinn, seet de Patrick Houtsch. Beim dësem System wier den Dateschutz garantéiert.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen