Staatsrot mat Reform vum Kënschtlerstatut averstan

Déi geplangte Reform vum Gesetz iwwert déi finanziell Hëllef fir Kënschtler an fir "Intermittents du Spectacle" gëtt vum Staatsrot allgemeng positiv bewärt. Nodeems d’Kulturministesch Maggy Nagel am August Ännerungen um Projet vun hirer Virgängerin Octavie Modert virgeluecht hat, ass déi héich Kierperschaft elo mat ville Punkte vun der Reform averstan, notammant mat der Propose de Statut vum professionelle Kënschtler ofzeschafen.

Mat enger Ännerung ass de Staatsrot awer net avertsan: Dem amendéierte Projet no kann déi finanziell Hëllef no 2 Joer just verlängert ginn, wann de Kënschtler ka beweisen, datt hien sech professionell weider entwéckelt huet. Dat kann zu arbiträren Decisioune féieren, warnt de Staatsrot a fuerdert datt dëse Critère gestrach gëtt, respektiv datt am Gesetz präziséiert gëtt, wat mat “Entwécklung” gemengt ass.

De Gesetzprojet läit elo bei der zoustänneger Chamberkommissioun.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen