Staatsrot: Avis iwwert Budget an Zukunftspak
De Staatsrot verwerft a sengem Avis iwwert de Budgetsprojet fir 2015 , d’Aféiere vun der Contributioun vu 0,5 Prozent fir d’Kannerbetreiung. Op jidder Fall sou wéi se geplangt ass.
Well déi geplangte Caisse pour l’avenir des enfants (déi d’Contributioun soll kréien) nach net existéiert, schléit de Staatsrot vir, datt déi Contributioun un d’Kannergeldkeess soll goen.
Virun allem huet de Staatsrot awer Bedenken, well d’Contributioun engersäits wéi eng Cotisatioun funktionéiert, mee anerersäits wéi eng Steier erhuewe gëtt.
A sengem Avis iwwert de Spuer- a Steierpak deet sech de Staatsrot och schwéier mat enger Rei geplangten Taxen: Bei der geplangter Taxatioun vun de sougenannten tax rulings, eng Redevance vu bis zu 10.000 Euro, formuléiert de Staatsrot eng opposition formelle wéinst Inkohärenzen a juristescher Onsécherheet.
Eng ganz Rei aner Taxen déi am sougenannten "Zukunftspak" virgesi sinn, si fir de Staatsrot net konform mat der Verfassung oder mat EU Reegelen. De Conseil d’état verwerft déi Taxen, déi ee misst bezuele fir säin Diplom ze homologéieren oder fir d’Autorisatioun ze kréie fir eng Apdikt opzemaachen.
De Staatsrot huet dann och e Problem mam geplangten Zukunftsfong (Fonds souverain intergénérationnel du Luxembourg). De Staatsrot gesäit den Interêt vu sou engem Fong an, mee fënnt datt nëmme Geld vun engem budgetären Excédent an de Fong soll fléissen. Virun allem, an do mëscht de Conseil d’état formell Oppositioun: d’Chamber dierf keng Recetten duerch d’Dotatioun an de Fong ewechgeholl kréien. Dofir soll d’Dotatioun all Joer duerch d’Chamber guttgeheescht ginn, esou de Staatsrot.
De Bäitrag vum François Aulner: