Staat wëllt ENOVOS-Majoritéit

De lëtzebuerger Staat ass dorun interesséiert déi absolut Majoritéit bei Enovos-International z’erreechen. Dat huet de Wirtschaftsminister an Vize-Premier Etienne Schneider de Mëtten dem 100,7 géigeniwwer konfirméiert. D’Regierung wéilt dofir déi Part’en an der Holding vum Energiekonzern opkafen, déi déi däitsch Actionnairen RWE an E.on elo oftrieden. De lëtzebuerger Staat huet elo schonn direkt zu 25 % Part’en an indirekt via d’SNCI 10 % Part’en bei Enovos-International. Duerch een am Virfeld ausgehandelt Virkafsrecht kéint de Staat elo déi néideg Unzuel un Part’en opkafen, bis dass een déi absolut Majoritéit an der Bedeelegungs-Gesellschaft erreecht hätt, esou nach de Minister. D’Verhandlungen matt RWE an E.on géifen deemnächst ufänken.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider:

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen