Staat soll militäresch Satellitte-Capacitéite fir NATO kafen

De Minister fir d’"sécurité intérieure" Etienne Schneider wëll bei de lëtzebuerger Contributiounen fir d’NATO, an Zukunft a Projet’en investéieren déi och fir Lëtzebuerg e Retour économique hunn. An deem Zesummenhang gëtt un engem Projet geschafft mat der SES-Astra fir militäresch Satellitte-Capacitéite fir d’NATO ze kafen. Dat huet den Etienne Schneider dem 100,7 géigeniwwer confirméiert. Konkret sollen de Staat an SES dofir all Kéiers 50 Milliounen Euro an eng nei Gesellschaft investéieren an och nach e Prêt fir dee selwechte Montant maachen.

De Projet kéint geschwënn Realitéit ginn: schonn e Freideg kéint d’Décisioun am Regierungsrot falen, esou den Etienne Schneider. Esou eng Gesellschaft géing och nach zu Lëtzebuerg Steiere bezuelen, sou datt Lëtzebuerg e vill bessert Geschäft géing maachen wéi wann de Staat zum Beispill en A400M Fliger vun enger auslännescher Rüstungs-Gesellschaft keeft, huet den Etienne Schneider nach betount.

De Bäitrag vum Gil Goebbels:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen