Natur- an Ëmwelt Staarke Réckgang vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg
Den Observatoire de l'Environnement Naturel schléit Alarm wéinst dem Réckgang vun der Biodiversitéit hei am Land. Et wier héich Zäit deem entgéint ze wierken. Dat géifen d'Resultater vum nationale Rapport iwwer den Erhalungszoustand vun de Liewensraim an Déierenaarte fir d'Period 2013-2018 eendeiteg weisen.

A fënnef Joer wier et en dramatesche Réckgang vu Flora a Fauna ginn. Dem Rapport no wieren zwee Drëttel vun de Liewensraim an engem schlechten Zoustand. Am stäerksten betraff sinn d'Fiichtgebidder an d'Offeland. Dat hätt Repercussiounen op d'Déierenaarten, déi op dës Liewensraim ugewise sinn, esou de Gilles Biver, Member vum Observatoire de l'Environnement Naturel.
Besonnesch Fliedermais, Päiperleken an Amphibië wiere betraff. Bei de Vullenaarte ginn et am Rapport och Affer vum Réckgang vun der Biodiversitéit. "Vum heefege Spatz bis zum rare Steekautz" wier ronn ee Véierels vun den Aarte réckleefeg. De Gilles Biver schwätzt vun engem "alarméierenden Zeechen"
Schold um Réckgang vun der Biodiversitéit wiere virun allem d'Produktiounsmethoden an der Landwirtschaft, d'Urbaniséierung an de Klimawandel. Fir deem entgéintzewierken wier eng grondleeënd Ännerung vum aktuelle System néideg, esou d'Conclusioun vum Observatoire.