Opschaffe vun de SREL-Archhiver SREL-Historiker: "Mir hunn näischt iwwer de Bommeleeër fonnt"

An deem Deel vum SREL-Archiv, dat si analyséiert hunn, hätte si keng Hiweiser op d'Bommeleeër fonnt, soen d'Historiker Nadine Geisler a Jean Reitz. Et wier awer "ëmmer méiglech", datt Informatioune vun eenzele SREL-Mataarbechter stockéiert gi wieren.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Nadine Geisler a Jean Reitz
D'Historiker Nadine Geisler a Jean Reitz hunn en Deel vun den historesche SREL-Archiver analyséiert
Datt si keng nei Informatiounen iwwer d'Bommeleeër fonnt hunn, iwwerrascht de Jean Reitz net.
"Haut gëtt geschwat, datt de SREL sech déi Zäit och fir de Bommeleeër interesséiert huet, datt se do Recherche gemaach hunn. Mee wéi gesot, wat mir hei analyséiert hunn, ass en allgemengt Archiv. Et kann ëmmer nach sinn, datt een, den drop geschafft huet seng eegen Archiven a sengem Büro hat, an datt déi net hei dra louchen. Wat den dono domat gemaach huet, wësse mer net."

Just e Brochdeel vun den Dokumenter gouf analyséiert

Historiker si gewinnt mat Dokumenter ze schaffen. Mee wann een direkt 800.000 Dokumenter bannent zwee Joer soll analyséieren, ass dat eng zolidd Erausfuerderung. Genee der Aufgab hunn d'Nadine Geisler an de Jean Reitz sech gestallt. Déi zwee Historiker haten nämlech den Optrag déi al Datebanke vum Geheimdéngscht ze analyséieren. Alleguer d'Dokumenter konnte si bannent der kuerzer Zäit net analyséieren, si konnte sech awer en éischten Iwwerbléck verschafen. An dobäi wiere se vun zwou Saachen iwwerrascht ginn, sou de Jean Reitz.

D'Intensitéit vun der Iwwerwaachung déi de SREL bedriwwen hätt, wier iwwerraschend gewiescht, seet den Historiker.

Nieft dem Anti-Kommunismus wieren d'Historiker och doriwwer iwwerrascht gewiescht, datt sech gewisen huet, datt de SREL schonn an de 70er Joren aktiv ugefaangen hätt géint den Terrorismus virzegoen, sou de Jean Reitz.

"Et muss ee sech eng Kéier zréckstellen an d'50er-60er Joren, do ware mer voll am Kale Krich. Lëtzebuerg war Member vun der NATO. Mir ware ganz kloer op enger Säit, an d'Russe sinn als eng ganz grouss Gefor gesi ginn. An d'Lëtzebuerger Kommuniste sinn ugesi ginn als eng Hëllef vun der russescher Arméi, déi eng Kéier kéint an Europa afalen.

Et wiere keng Informatiounen nodréiglech aus dem Rapport geholl ginn

De Rapport iwwer déi al Datebanke vum Geheimdéngscht gouf net inhaltlech geännert, nodeems déi Responsabel vum SREL en iwwerlies haten, soen d'Auteure vum Rapport. D'Nadine Geisler an de Jean Reitz betounen, datt näischt géint hire Wëllen aus dem Rapport gestrach ginn ass. Op Urode vum Geheimdéngscht wiere just vereenzelt Nimm onkenntlech gemaach ginn.

D'Gesetz an deem d'Mandat an den Optrag vun den zwee Historiker festgehale gouf, hätt virgesinn, datt am Schlussrapport keng Nimm a keng Faiten dierften dra stoen, duerch déi Persounen oder (aktiv) Operatiounen a Gefor kéinte bruecht ginn. "An déi Informatioun - wat alles nach leeft - déi kënne mir net hunn, déi konnt just de SREL hunn", sou de Jean Reitz.

Aus dem Grond hätt de Rapport zum Schluss misste vum SREL autoriséiert ginn. Déi Autorisatioun hätten d'Historiker och selwer gefrot an dës géif si an hirer Aarbecht ofsécheren, sou d'Nadine Geisler.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Nadine Geisler a Jean Reitz
Opschaffe vun de SREL-Archhiver

An deem Deel vum Archiv, dat déi zwee Historiker analyséiert hunn, wiere keng Hiweiser op d'Bommeleeër fonnt ginn. Et wier awer "ëmmer méiglech", datt sou Informatioune vun eenzele SREL-Mataarbechter stockéiert gi wieren.

Symbolbild Justiz
Justiz

Wéi de Parquet matdeelt, ginn et an der sougenannter Bommeleeëraffär néng nei Inculpatiounen. Zéng Verdächteger waren tëschent Mee a Juli verhéiert ginn, ee vun deene Verdächtegen, de Ben Geiben, gouf awer net inculpéiert.

Mille-Schneider-Kemmer
Geheimdéngscht-Affär

Et gëtt nach ëmmer no engem Datum gesicht fir de Srel-Prozess. De Geriichtsprozess iwwer d'Geheimdéngscht-Affär vun 2013 war viru 15 Méint schonn ugesat, war deemools awer reportéiert ginn.

Juncker, 2013
25 Joer 100,7

Eng vun de gréisste politeschen an institutionellen Affären, déi Lëtzebuerg an de leschte 25 Joer erlieft huet, ass ouni Zweiwel d'Geheimdéngscht-Affär, déi zu avancéierten Neiwahle gefouert huet.

Mille-Schneider-Kemmer
Geheimdéngschtaffär

Et gëtt en zweeten Ulaf geholl fir de Srel-Prozess. De Geriichtsprozess iwwer ee vun de Volete vun der Geheimdéngschtaffär vun 2013 kéint Ufank 2019 iwwer d'Bühn goen, esou de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hin.

chamber.jpg Exklusiv
#chamberleak

D'Chamber, de GovCERT an de SREL wousste scho virum radio 100,7 iwwert eng méiglech Sécherheetslacune um Chambersite Bescheed. D'Source vum Problem gouf awer net entdeckt an de Parquet net direkt doriwwer informéiert.

Mille-Schneider-Kemmer
Geheimdéngscht-Affaire

Den éischten Dag am Geheimdéngscht-Prozess ass den 29. November. De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider musse sech viru Geriicht veräntwerten.

Daniel Schneider
Wirtschaftschronik

Den Zukunftsfong investéiert eventuell an Entreprisen, déi Streebommen produzéieren, Mënscherechter verletzen oder fir Ëmweltschied responsabel sinn.

konter.jpg
Bande Dessinée

Fir déi 23. Kéier hunn national an international Comicfans sech de Weekend vum 16. a 17. Juli um "Festival International de la Bande Dessinée" zu Konter getraff. E Fest fir déi "néngte Konscht"!

De Bommeleeërprozess gëtt wéi erwaart bis op Weideres ausgesat, dat bis d’Enquêten ofgeschloss sinn iwwert déi 6 fréier Gendarmen, déi de Parquet wëll ukloen.

Eng méiglech Uklo vum Marcel Weydert a vum Armand Schockweiler réckelt en Ofschloss vum Prozess nach méi wäit ewech, mengt de Jean-Claude Wolff.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen