arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spille Frae geschwënn eng méi grouss Roll an der Kierch?

Kathoulesch Kierch

|
headphones

4 min

Spille Frae geschwënn eng méi grouss Roll an der Kierch?

De Poopst léisst d’Diakonat vun der Fra ënnersichen. Déi kathoulesch Kierch kéint deemno an Zukunft verschidde Poste fir Fraen opmaachen. D'Weihamt wier awer de Männer virbehalen, insistéiert de Bistum.

headphones

4 min

De Poopst François huet eng Kommissioun an d'Liewe geruff, déi d'Diakonat vun der Fra an der Geschicht vun der kathoulescher Kierch soll ënnersichen. D’Initiativ gëtt als Zeeche gedeit, datt déi kathoulesch Kierch an Zukunft verschidde Poste fir Fraen kéint opmaachen.

D’Diakonat ass déi éischt vun dräi Weihstufen an der kathoulescher Kierch, viru Paschtouer a Bëschof. Diakone kënne keng Mass ofhalen. Si däerfen awer zum Beispill priedegen, Bestietnesser, Begriefnesser a Kanddafen ofhalen. Bis elo ass d’Weihamt an der kathoulescher Kierch de Männer virbehalen.

Dat wäert och esou bleiwen, mengt de Generalvikar vun der Lëtzebuerger kathoulescher Kierch Leo Wagner. Et géing dem Poopst nëmmen dorëms goen ze préiwe wéi d'Diakoninnen-Amt an der éischter Kierch ausgesinn hätt. De Generalvikar ass sech sécher: "Et geet dem Poopst ganz kloer net dorëms, duerch déi Kommissioun eng Virstuf vun der Fraen-Ordinatioun ze kreéieren."

Fir de Jean-Marie Weber, Chercheur op der Uni Lëtzebuerg, geet et bei der Initiativ ëm d'Fro vun der Gerechtegkeet géintiwwer der Fra. Et ass fir hien onvirstellbar, datt d'Kierch d'Fra ausschléisst. "Dat ass géint d'Mënscherechter."

D'Fro ass net nei

Déi zentral Fro vu weiblechen Diakoninne wier scho vu villen Theologen diskutéiert ginn, seet de Jean-Marie Weber. Schonn an der fréier Geschicht vum Chrëschtentum wiere Frae "Diakonin" genannt ginn. Dat géifen och Bréiwer vum Paulus vun ëm 50 no Christus weisen.

Fir de Chercheur sinn déi wëssenschaftlech Konklusioune vun der neier Kommissioun schonn elo kloer. Et wier gewosst, datt et d'Amt vun der Diakonin gouf. Ob mat oder ouni Weih, dat wier nach ze klären.

D'Frae missten d'Funktioun vun der Diakonin kënnen iwwerhuelen. "Firwat soll et net och an der kathoulescher Kierch oder am Chrëchtentum nei Professioune ginn", freet den Theolog a Chercheur op der Uni Lëtzebuerg. Nëmmen esou kéint e Betrib sech oprecht erhalen.

Wéi sënnvoll ass et awer, eng Kommissioun an d'Liewen ze ruffen, wa schonn Äntwerte virleien? D'Fro wier scho vill diskutéiert ginn, "do brauch ee keng Kommissioun fir nach laang driwwer ze diskutéieren." Et hätte scho vill Kardineel a Bëscheef gesot, datt misst eppes geschéien. De Jean-Marie Weber fënnt och d'Approche problematesch. Et kéint een net all Fro nëmme vun der Vergaangenheet hier kucken. "Et muss ee se vun der Géigewaart kucken. Vun de Besoinen, vun de Froen déi sech stellen, vum gesellschaftleche Kontext an deem mir sinn."

Eng Valorisatioun vun der Fra?

Den Theolog wënscht sech, datt d'Ëffnung vum Diakonat fir Fraen de Wee fir d'Priestertum opmécht. De Poopst géing pragmatesch u bestëmmte Froen erugoen, a net nëmmen theoretesch, mengt de Jean-Marie Weber. "Well mat Prinzipien, do kann ee sech géigesäiteg dout schloen."

D'Weihamt wier de Männer virbehalen, kontert awer de Leo Wagner. Frae kéinten aner Ämter ausüben. Dofir misst gekuckt gi wat an der fréier Kierch d'Funktioun vun den Diakoninne war. "Da kéint ee vläicht haut Aufgabe fannen, déi deenen entspriechen." E Mangel u Personal wier net de Grond fir dem Poopst François seng Inititativ.

Fir de Leo Wagner ass sécher: Et wéilt een iwwert d'Frae keng zousätzlech Priestervocatiounen an d'Liewe ruffen. "Et gëtt elo schonn eng ganz staark Präsenz vun der Fra. Elo geet et drëms an der chrëschtlecher Gemeinschaft d'Fra mat hiren Talenter a Fähegkeeten ze valoriséieren."

"D'Verantwortung läit beim Poopst"

D’Membere vun der Kommissioun sinn Akademiker, kommen awer aus verschiddenen Disziplinnen. D’Hallschent dovun si Fraen. Eng dovunner ass déi Amerikanesch Professorin Phyllis Zagano, déi Relioun op der Hofstra Universitéit zu New York enseignéiert.

De Jean-Marie Weber begréisst dës Zesummesetzung. An den USA wieren d'Nonne staark dohannert an déi reliéis Fraen-Uerde ganz progressiv. "Dofir krute si der scho regelméisseg vum Vatikan op den Deckel." D'Kommissioun wier gutt besat mengt och de Leo Wagner. Si kéint sech u fréiere Fuerschungen orientéieren. Dofir hëlt de Generalvikar un, datt et schnell zu enger Konklusioun kënnt.

Et géig um Poopst leien, ob d'Konklusioune verbindlech sinn, mengt de Jean-Marie Weber. "Hien huet d'Méiglechkeet ze soen, dat ass esou oder dat ass net esou. Hie soll d'Verantwortung iwwerhuelen."