Sozialplang bei Docler Holding
Deen um Kierchbierg baséierten ungareschen Online-Konzern Docler Holding wëll säi Clients-Service an Ungarn delokaliséieren. 50 Salariée wiere vum Sozialplang betraff, iwwert deen de Moment nach géif verhandelt ginn, heescht et op Nofro hinn.
Mat dëser Delokaliséierung wéilt ee Käschte spueren a sech strategesch nei orientéieren. Den Ausbau vun aneren Aktivitéiten zu Lëtzebuerg wier net ausgeschloss. Genannt ginn ënnert anerem di finanziell Aktivitéite vum Grupp, deen hei am Land eng Dose Filiale bedreift, zum Beispill an der Beräicher Porno oder Luxus.