Industrie "Silicon Lëtzebuerg keng Utopie"

Fir den Nicolas Buck ass et eng spannend Zäit. Wirtschaftlech wier hei am Land nach ni esou vill a Bewegung gewiescht. Den neie President vun der Industriellefederatioun Fedil wëll frësche Wand mat erabréngen an aner Iddien.

Christian Welter, md

nicolas buck.JPG
Nicolas Buck

“Fir mech gëtt et näischt méi Flottes, wéi an e Betrib eran ze goen, de Businessmodell ze verstoen an och d’Erausfuerderunge vun der Firma. Et ass ëmmer interessant aner Perspektiven ze héieren, well all Betrib ass anescht.” Dat sot den Entrepreneur Nicolas Buck am 100,7-Interview. Hien ass net just President vun der Fedil, mee och Patron vu Seqvoia, e Prestataire fir d’Fongenindustrie. Hien huet och nach eng drëtt Kap op. De Nicolas Buck ass President vun Nyuko. Dës ASBL hëlleft de Start-Upen, déi sech hei am Land wëllen néier loossen.

An do gesäit hien en Trend, deen hien optimistesch stëmmt. Silicon Lëtzebuerg wier dowéinst keng Utopie. Et wier méiglech aus dem Grand-Duché e Land vun de Start-Upen ze maachen, well déi vill Auslänner Entreprisë géife grënnen. Den Nicolas Buck gëtt zou, datt et nach e bëssen dauert wann een eng Start-Up grënnt, mee d’Dynamik wier do.

"D'Industrie huet eng aner Nues"

“Méi wéi jee ass et en Accompagnement hei ginn. Wat mer allerdéngs nach brauche si Leit, déi a Start-upen investéieren. Mir hu vill Leit, déi Iddien hunn, mee Leit mat gudden Iddien hunn am Ufank dacks keng Suen. Do wou d’Sue sinn, kommen och d’Käpp.”

Säi Virgänger Robert Dennewald kënnt aus engem méi klasseschen Industrie-Beräich. Mee den Nicolas Buck kennt och dee Milieu ganz gutt. “Mäi Papp a mäi Grousspapp hu fir d’Stolindustrie geschafft. Ech hat jo och e Familljebetrib, deen eng Dréckerei war. Ech hunn also och schonn Industrie hannert mer, ech weess wat Schichtaarbecht ass”. Selwer hätt hien sech elo an eng aner Richtung entwéckelt, well dat wirtschaftlech interessant gewiescht wier. De Nicolas Buck huet eng Softwarefirma, déi fir d’Finanzplaz schafft.

D’Union des entreprises luxembourgeoises (UELass d’Sproochrouer vum Patronat wann et ëm d’Verhandlunge mat der Regierung an de Gewerkschafte geet. D’Roll vun der FEDIL wier et, op sektoriellem Plang ze verhandelen. De Nicolas Buck gesäit sech éischter als e Manager, dee fir de konstruktiven Dialog ass amplaz op Konfrontatioun ze goen. Fir hien ass et awer net dramatesch wann d’Sozialpartner sech net eens ginn. D’Roll vun der Regierung wier et dann, e Kompromëss ze fannen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen