Jonk Entreprisen Silicon Lëtzebuerg?

D'Regierung wëll jonk Entrepreneure motivéieren, fir eng Entreprise ze starten. Fir hinnen ze hëllefen, gëtt et eng Partie ëffentlech a privat Initiativen. Besonnesch d'Finanzplaz huet Interessi, a Start-Upen z'investéieren.

Christian Welter / cwi

Tech start-up business team discussing product roadmap for product and investment
Net nëmmen de Finanzsecteur géing vu Start-Upe profitéieren, mengt den Direkter vum Technoport. Foto: Bigstock / Kzenon

D’Finanzplaz huet en Interêt dorun, datt jonk, innovativ Entreprisen sech entwéckelen. D’BIL ënnerstëtzt de Projet "InnoHub", d’BGL BNP Paribas huet hire "Future Lab" an d’Consultingfirma PWC hiren "Accelerator".

Dernieft ginn et staatlech Initiative wéi den "Digital Tech Fund" oder de "Luxembourg Future Fund". An et gëtt d'Initiativ "Fit for Start" vu LuxInnovation, déi national Agence fir Innovatioun a Recherche.

E Partner vun dësem Projet ass den Technoport. D’Haaptmissioun vun dësem ass et, fir Entrepreneuren z'ënnerstëtzen, hir Iddien ze validéieren an ëmzesetzen. Dofir sinn déi jonk Entreprisë während enger Zäit beim Technoport um Belval respektiv zu Féiz ënnerbruecht. Den Inkubator gëtt et zanter 1998. Zanter deem goufen 114 Start-Upen acceptéiert.

D'Unzuel vun den Entreprisen déi sech mellen, géing Joer fir Joer klammen, seet den Direkter vum Technoport Diego De Biasio. Dobäi géing opfalen, datt och d'Zuel vun de Residenten, déi eng Demande maachen, an d'Luucht géing goen. Dem Diego De Biasio no kéime 50 Prozent vun den Demandë vu Residenten. "Dat heescht nach net, datt déi 50 Prozent Lëtzebuerger sinn. Mee mir fänken u méi Lëtzebuerger ze gesinn, déi sech wëlle lancéieren a mat Projete kommen."

Vun der Iddi bis bei de Start-Up

D’Entrepreneure presentéieren entweder e fäerdege Businessplang oder hunn am Ufank just eng Iddi. An deem Fall dauert d’Prozedur méi laang, seet den Direkter vum Technoport. Iert d’Firma gegrënnt gëtt, begleet den Inkubator de Patron a bréngt hie mat potentielle Partner a Clienten a Kontakt. Deenen hir Aufgab ass et, d’Validatioun vum Projet vun der jonker Firma ze confirméieren.

Vun den 114 Start-Upen, déi den Technoport acceptéiert huet, sinn der knapp 30 Prozent Faillite gaangen. Op där anerer Säit géingen et awer och eng Partie Erfollegsgeschichte ginn, esou den Direkter vum Technoport.

Nëmme fir de Finanzsecteur?

D’Natioun vun de Start-Upe wier eng gutt Initiativ fir d’Finanzplaz. Zu Lëtzebuerg géinge virun allem Firmaen ënnerstëtzt ginn, déi am ICT doheem sinn, dat heescht an de Beräicher Informatiounstechnologien a Kommunikatioun. Dat géing an éischter Linn der Finanzplaz entgéint kommen, huet et am Mee an engem Editorial am Tageblatt geheescht.

Den Technoport selwer ass dem Diego De Biasio no och kee spezialiséierten Inkubator. Nieft dem ICT géingen och Projeten aus de Beräicher Informatik oder Gesondheet begleet ginn. Och d'Industrie géing eng wichteg Roll spillen, seet den Diego De Biasio. Natierlech géing ee mat verschiddene Banken zesummeschaffen, mee och Entreprisë wéi d'Post oder Evonos hätten Interessi u Start-Upen.

Ënnerstëtzung vum Staat

Am Abrëll huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider der Press den "Digital Tech Fund" virgestallt. D’Regierung huet mat privaten Investisseure wéi Post, SES a BIL e Fong vun 20 Milliounen Euro op d’Féiss gestallt. Dee soll iwwer déi nächst sechs bis siwe Joer jonk Entreprisen aus de Beräicher Informatiounstechnologien a Kommunikatioun ënnerstëtzen. Geréiert gëtt de Fong vun der Lëtzebuerger Firma Expon Capital.

Fir de Gestionnaire vum Digital Tech Fund, den Alain Rodermann, ass et wichteg, datt en Entrepreneur keng Angscht huet op d’Nues ze falen. Entrepreneuren déi Erfolleg hätten, hätten dacks eréischt beim zweeten oder drëtte Versuch reusséiert. "Mir si frou, datt den Entrepreneur schonn Erfahrunge gesammelt huet. Dat hie gescheitert ass, ass fir eis kee Problem, well en dobäi vill geléiert huet." Et wier esou guer gutt, seet den Alain Rodermann, well den Entrepreneur géing de selwechte Feeler net zwee Mol maachen.

Vill Optimismus

Et gëtt ee wichtege Critère bei deem ICT-Fong tëscht der Regierung an de privaten Investisseuren: Investéiert gëtt a jonk Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg hir Decisiounen huelen. "Substanz amplaz Bréifboîtë-Firmaen", esou den Alain Rodermann vun Expon Capital.

Hien ass dervun iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg fir Start-Upen ëmmer méi interessant gëtt. Et géing awer nach u Suen an un Inkubatore feelen, déi jonk Entreprisen hebergéieren, seet den Alain Rodermann. Mee och d’Educatioun misst Efforte maachen. D'Schüler missten d'Entrepeneuriat an der Schoul enseignéiert kréien, fir datt si spéider Loscht hätten eng Entreprise ze starten. "Entrepreneur ze sinn ass nämlech dee schéinste Beruff op der Welt", fënnt den Alain Rodermann. "Genau wéi den Artist eng Skulptur erschaaft, kreéiert den Entrepreneur seng Entreprise."

Den Entrepreneur Nicolas Buck ass de President vun der Industriellefederatioun FEDIL a President vun "nyuko", eng a.s.b.l. déi Start-Upen hëlleft. Hien ass optimistesch, wat d'Zukunft vun de Start-Upen zu Lëtzebuerg ubelaangt. Dacks seet hien an Interviewen, Silicon Lëtzebuerg wier keng Utopie. Den Diego De Biasio vum Technoport an den Alain Rodermann deelen dem Nicolas Buck säin Optimismus. Den Alain Rodermann ka sech souguer virstellen, datt hei am Land eng Fintech-Firma entsteet, déi grad esou en Impakt op d’Finanzplaz huet, wéi d’Taxifirma "Uber" am Transportberäich.


D'Initiativen op ee Bléck:

InnoHub (BIL)

Future Lab (BGL BNP Paribas)

Accelerator (PWC)

Luxembourg Future Fund

Digital Tech Fund

Fit for Start

Technoport

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

dynamescht Schaffen
Solidaresch Economie

De Statut "Société d'impact sociétal" soll sozialen Entreprise méi Visibilitéit an e bessere juristesche Kader bidden. Méi Dynamik also fir de soziale Secteur?

uber.jpg

Gëtt et déi digital gedriwwen industriell Revolutioun 3.0 wierklech? Kloer schéngt: d’Kapital fléisst dohi wou d’Technologiebranche, innovativ ass. Mee d'Resultat begeeschtert net jiddereen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen