Serge Urbany (déi Lénk): "Et waren avant-gardistesch Froen"

De Serge Urbany vun déi Lénk mécht d’Bedingunge vum Referendum fir d’Resultat responsabel, an net eng allgemeng Friemefeindlechkeet. Fir esou ‘avant-gardistesch’ Froen ze beäntweren, hätt am Viraus méi een argumentativen Debat misse gefouert ginn. Wat elo dobäi erauskomm wär, wier een Echec vun der ganzer Politik. , net just vun de Regierungsparteien.
Grad elo misst den Debat gesicht ginn. Net just, awer och mat Referendumen. Mat engem besser preparéierten, strukturéierten Dialog, wéi zum Beispill an der Schwäiz. De Serge Urbany kritiséiert ee “bëllegen Niveau iwwer Facebook”.
D’Fro vum Auslännerwahlrecht ass fir hien net vum Dësch. Si géif vun der Realitéit gestallt. An der nächster Wahlcampagne missten d’Parteie sech positionéieren, an d’Nationalitéitsgesetz misst mat deene selwechte Froen an der Chamber weider diskutéiert ginn. An der Educatioun mussen dem Serge Urbany no Efforte gemaach ginn, wat d’Sproochen ubelaangt.
Vun de Regierungsparteie fuerderen déi Lénk, dass d’Léieren aus dem Resultat géife gezu ginn. Awer och d’CSV gouf kritiséiert: et wär déi Partei, déi dee schappegsten Debat vun där ganzer Campagne gefouert hätt.
Lauschtert dat ganzt Gespréich hei: