Serge de Cillia gett neien ABBL-Direkter
De Serge de Cillia gëtt neien Direkter vun der ABBL. Den 30. Abrëll iwwerhëlt den Economist an Comité’s-Member vun der Banken- an Banquiers-Associatioun d’Successioun vum Jean-Jacques Rommes, dee bei d’Patronatsorganisatioun UEL wiesselt.
Fir de President vun der ABBL den Ernst Wilhelm Contzen, muss de neien Direkter vun der Associatioun “ee sinn deen alles kann”. A sengen Ae wäert dat dem Serge de Cillia och geléngen. De Serge De Cillia hätt eng grond-zolitt Ausbildung an ass zanter méi wéi 12 Joer scho Member bei der ABBL, wou hie schon seng Kompetenzen ënner Beweis gestallt hätt.
De Bäitrag vum Francois Aulner:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Contzen.mp3"]