Serge Allegrezza iwwert de Sozialdialog : "Erfreelech Noriichten!"

rer-3425-300x200.jpg

Den Direkter vun der Statistikverwaltung STATEC begréisst, datt d’Regierung an d’Gewerkschafte sech iwwert Ännerunge bei de Spuer- a Steiermesuren eens goufen. “Dat ass eng erfreelech Noriicht”, esou de fréiere President vum Wirtschafts- a Sozialrot a Riicht Eraus hei um 100,7. Et wier och Spillraum do fir Ajustementer bei de Spuer- a Steiermesure well d’EU-Kommissioun den 28. November fest gestallt huet, datt Lëtzebuerg déi europäesch Budgetsziler dëst an d’nächst Joer erreecht.

De Serge Allegrezza huet iwwerdeems zouginn, datt déi staatlech Verwaltunge virum Depôt vum Staatsbudget net gefrot goufen, eng gemeinsam Previsioun an eng gemeinsam Evaluatioun vun de Mesuren ze maachen. Et wier wichteg, datt de Gesetzesprojet deen dëse Comité de Prévision als Institutioun verankere soll, endlech deposéiert gëtt.

Hei déi ganz Emissioun fir nozelauschteren :

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen