Hätt een d'Leit éischter kënne warnen? "Schwéier fir dat prezis an esou laang am Viraus ze soen"

E puer honnert Leit konnten déi lescht Nuecht wéinst den Iwwerschwemmungen net an hiren Haiser schlofen: De Buergermeeschter vun Iechternach, den Yves Wengler sot eis de Freideg de Moien, a senger Stad hätten hënt eng 300 Leit misse relogéiert ginn. Zu Miersch wieren iwwerdeems 27 Leit an dem Fall gewiescht, esou de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe. Obwuel d'Leit deelweis hu missen mat Booter aus hiren Haiser evakuéiert ginn, sinn déi zwee Buergermeeschter der Meenung datt een d'Bierger net éischter hätt kenne warnen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Michel Malherbe an Yves Wengler

Et hätt ee missten ofwaarden, ob de Reen da wierklech iwwer Lëtzebuerg an den Nopeschregioune géif erofkommen. Dat wier bis kuerz virdru schwéier virauszesoen, sou den Yves Wengler.

"E puer Zentimeter méi oder manner Waasser, an dann ass d'Situatioun eng komplett aner. Dat ass extrem problematesch, an eigentlech guer net méiglech fir dat esou prezis an esou laang am Viraus ze soen."

D'Fro, ob een d'Leit an Zukunft net awer éischter informéiere sollt beäntwert de Michel Marherbe esou.

"Et kéint een dat jo soen, mee ech soen Iech: Ech si jo och Pompjee. Dat ass ewéi eng Alarmanlag, oder e Feieralarm: Wann déi ëmmer erëm geet, dann op ee Mol gees de net méi kucken, da geet just nach ee Mann kucken. A wann een oft seet, do kéint eppes kommen, an et kennt awer näischt, dann op eemol ginn d'Leit es och midd, an dann hëlt een dat och net méi fir richteg."

Warscheinlech grousse Schued un der Krypta vun der Basilika

Zu Iechternach ass duerch d'Héichwaasser warscheinlech och grousse Schued un enger Rei historesche Gebaier entstanen. De Buergermeeschter Yves Wengler, seet d'Krypta vun der Basilika an d'Abtei, wou den Iechternacher Lycée dran ass, wiere staark vun den Iwwerschwemmunge getraff. Och eng 300 Privatleit hätten hënt misse relogéiert ginn, well hir Haiser iwwerschwemmt sinn, esou den Yves Wengler. Et hätt een 230 Leit an Hotelen oder Jugendherbergen ënnerbréngen. Ronn 80 Leit wiere privat oder bei Frënn ënner Daach komm.

Mëttlerweil geet de Waasserpeegel zu Iechternach awer zréck. De Buergermeeschter sot eis, d'Waasser wär an der Nuecht em 80 Zentimeter gefall. Trotzdeem geet hien dovun aus, datt et op mannst nach zwee Deeg dauert, bis all d'Waasser aus der Stad ofgefloss ass.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Eng Tankstell de 15. Juli um 12 Auer zu Iechternach
Iwwerschwemmungen

D'Gemeng Beefort deelt mat, datt d'Krunnewaasser net benotzt soll fir ze drénken, Zänn wäschen, Geméis an Uebst botzen a fir d'Kachen. Krunnewaasser kann ee fir aner Zwecker benotzen: Toilette, Dusch, Spull a Botz.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen