Consultativ Mënscherechtskommissioun Schutz fir Mannerjäreger a Réfugiéen ass "réckstänneg"

De Gilbert Pregno ass enttäuscht iwwert d’Gestioun vun Europa an der Flüchtlingskris. Déi national Legislatioun iwwert de Schutz fir Asyldemandeuren an d'Jugendschutzgesetz missten dringend reforméiert ginn, seet de President vun der Mënscherechtskommissioun.

Mick Entringer / fa

Pregno.JPG
De President vun der CCDH fuerdert méi Schutz fir Jugentlecher a fir Asyldemandeuren

Kanner a Jugend besser schützen

De Gilbert Pregno werft dem Parquet “institutionell Maltraitance” an onzäitgeméiss Methode vir. Zu Lëtzebuerg wier et nach ëmmer esou, datt d’Elteren am Fall vun engem Placement all hier Rechter verléieren. Et kéinte Moossnamen an der Urgence geholl ginn, ouni datt d’Elteren driwwer informéiert wären.

D’Praxis vun der Police fir Kanner matzen am Dag aus Schoulen oder Foyere ofzehuelen, géing och nach ëmmer bedriwwe ginn, dat trotz Zousoen aus der Politik fir dat opzehalen, esou de Gilbert Pregno. engem Arrête vum europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff no, géingen dës Methoden de Respekt an d’Integritéit vun de Kanner verletzen. De President vun der CCHD fuerdert, datt d’Jugendschutzgesetz dréngend reforméiert gëtt.

Rechtssécherheet fir Asyldemandeuren

Och am Beräich vum Schutz fir Réfugiéen misst zu Lëtzebuerg d’Legislatioun nogebessert ginn. De Gilbert Pregno stellt folgend Schwächten am System fest:​

  • Asyldemandeuren hunn net ëmmer d’Recht op en Affekot​
  • Mannerjäreger kennen an de Retentiouns-Zenter kommen​
  • All Réfugié sollt en individuellen Integratiounsprojet ausgeschafft kréien, mee d’Regierung an d’Chamber hunn dat am Gesetz fale gelooss​
  • Besonnesch “fragiliséiert Persoune”, wéi Fraen, Affer vu Mënschenhandel a Mannerjäreger sinn net genuch geschützt

De Gilbert Pregno hätt bis ewell keng Zousoe kritt, datt d’Legislatioun fir d’Asyldemandeure géing nogebessert ginn.

Keng gemeinsam Wäerter an der EU

“Europa ass en 'Haufe' vu Länner mat 'particulaire' Interessen”, esou de President vun der Mënscherechtskommissioun.​ D’EU wier e grousse Wirtschaftsraum, mee kee Raum vu gemeinsame Wäerter.

Fir d’Zukunft ass de Gilbert Pregno net rassuréiert.

CCDH ënnerbesat

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun huet d’läscht Joer 11 Avise zu Gesetzprojete redigéiert. Mat zwee an en hallwe feste Mataarbechter an 21 Fräiwëlleger, géing d’CCDH un hir Grenze stoussen. (De Rapport 2015 vun der CCDH)

De Gilbert Pregno fuerdert vun der Politik eng Opstockung vun der Equipe.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Boot zu Lesbos Dossier
Exodus

An dësem Dossier fannt Dir eis wichtegst Reportagen iwwert d'Flüchtlingskris.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen