Schoulrentrée och fir d’Kanner vu Flüchtlingen
Flüchtlingskanner ginn zu Lëtzebuerg direkt an de Schoulsystem integréiert. Den Iwwergang geschitt an enger sougenanntener “classe d’accueil”. De Staat muss zousätzlech Mëttelen zur Verfügung stellen, fir d’Integratioun vun deene Jonken, mee och vun hiren Elteren ze sécheren. Fir en Enseignant kann dee Prozess duerchaus eng Beräicherung sinn.
Foto: Syresch Flüchtlinge, wéi si an der Weilerbaach ukomm sinn
Während engem Joer gëtt sech an de “classes d’accueil” virun allem op déi sproochlech Kenntnisser vun de Kanner konzentréiert. D’Mathematik kënnt am Laf vum Joer net ze kuerz. Duerno ginn d’Kanner op “normal” Klasse weider orientéiert.
Eng Erausfuerderung ass dat net nëmme fir d’Kanner an hir Famillen. Fir déi schoulesch Integratioun sinn och d’Enseignantë wichteg. D’Léierin Tanja Jenssen empfënnt et als “eng Beräicherung, an deene Klassen ze schaffen”, an d’Progressioun vun de Kanner nozevollzéien:
“Et ass immens flott ze gesinn, wann d’Kanner kommen, a se am Ufank kee Wuert schwätzen. Et muss een alles mat Hänn a Féiss erklären. An dann zum Schluss vum Joer kann ee mat hinne wierklech e Gespréich féieren”.
Audio
E Bäitrag iwwert déi schoulesch Integratioun vu Flüchtlingskanner vum Maxi Pesch:
D’Integratioun vu Flüchtlingskanner an hiren Elteren erfuerdert zousätzlech staatlech Mëttelen. Wéi eng dat sinn, huet de Rick Mertens nogefrot:
