Schneider: Evaluatioun - dono Diskussioun iwwert Finanzement vu Fleegeversécherung

Et muss eng Evaluatioun vun der Fleegeversécherung gemaach ginn – et geet drëm d’Qualitéit z’assuréieren. Wa Conclusioune gezu sinn, kéint een eréischt eng Hausse vun de Bäiträg an d’A faassen. Dat seet den Sozialminister Romain Schneider. E Freideg war bekannt ginn, dass de Fleegereseau “Hëllef doheem” e Sozialplang muss maachen, 90 Leit sollen hier Platz verléieren. Vläicht huet d’Direktioun sech hei och einfach vercalculéiert, kommentéiert de Romain Schneider.
’Direktioun an d’Gewerkschafte kritiséieren awer, dass de “Stonneloun” – d’ “Valeur monétaire” zanter 2012 um Niveau vun 2010 agefruer ass. Domat hätt d’Hausse vun de Peien net kenne kompenséiert ginn. D’Afréieren ass awer sécher net den eenzege Grond, äntwert de Romain Schneider. D’Sophie Morang huet sech mam Minister ënnerhalen:

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen