arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schley: "Bal een Affront"

Wäerteunterrecht

|
reading time

3 min

Schley: "Bal een Affront"

An enger Saach sinn déi konventionéiert Culten an d'Allianz AHA sech eens: am programme directeur fir den zukënftege Wäerteunterrecht, kommen hir respektiv Positioun net genuch zum Droen. De Laurent Schley vun der AHA, ass allerdéngs guer net averstan mat der entspriechender Kritik vun de Reliounsgemeinschaften.

Christiane Kleer

reading time

3 min

Wann ee sech de programme directeur géif ukucken, da géif ee rausfannen, datt genau de Géigendeel de Fall wier vum deem wat d'Reliounsgemeinschaften géife soen. Déi net-reliéis Usiichten, wéi atheistesch oder agnostesch Positiounen, géifen doran iwwerhaapt net thematiséiert ginn. Dofir kéint een d'Positioun vun de Culten och "bal als een Affront" gesinn, seet de Laurent Schley, President vun der AHA, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker.

De Conseil des cultes hat d'läscht Woch an engem Avis gesot, datt d’Reliounen allgemeng net genuch Plaz am programme directeur géifen accordéiert kréien. Si fuerderen den Educatiounsminister Claude Meisch op, de Programm ze iwwerschaffen. 

"Rationnell Vuen op d'Welt"

D'AHA hat allgemeng gehofft, datt vill verschidde Weltanschauungen am programme directeur zum Droe géife kommen, an dorënner eben och déi "rationell begrënnt Vuen op d'Welt, déi op naturwëssenschaftlechen Erkenntnisser baséieren". 

D'AHA hätt awer och näischt dogéint datt am zukënftege Wäerteunterrecht iwwer Relioune geschwat gëtt. Reliounen hätten e groussen Afloss op d'Gesellschaft, virun allem e "negativen". Wichteg wier, datt Reliounen an der Schoul op eng neutral Manéier thematiséiert ginn. "Mir sinn der Meenung datt souguer muss iwwer Relioune geschwat ginn, mee mat engem Bléck vu baussen. Relioun däerf weder aus engem reliéisen, nach aus engem atheistesche Bléckwénkel eraus propagéiert ginn", sou de Laurent Schley.

"Relativ skurril"

Dem Laurent Schley no ass et och méiglech een Equiliber ze fannen am programme directeur, dee souwuel déi reliéis Gemeinschafte wéi och déi laizistesch Associatioune géif zefriddestellen. Et misst een dofir eben déi zwou Weltsiichte kloer erklären, mam Zil, fir de Kanner d'Méiglechkeet ze ginn, fir sech selwer, kritesch déi eenzel Positiounen kënnen ze bewäerten an dann eventuell och ze decidéiere wann si fir sech am Beschte fannen. 

Fir de Moment géif et awer sou ausgesinn, wéi wann de ganze Programm vum Cours aus dem reliéise Bléckwénkel eraus geschriwwe wier. Ee Beispill wier d'Konscht, seet de Laurent Schley: Wann an deem Kontext vu Gebaier Rieds wier, géif vu reliéise Gebaier geschwat ginn, 

"Ech fannen dat relativ skurril", dat seet de Laurent Schley dofir och als Äntwert op d'Kritik vun de konventionéierte Culten, d'Relioun wier net genuch present am geplangte Wäerteunterrecht. Nach ass d'Ausschaffe vum geplangte Wäerteunterrecht net ofgeschloss. En Dënschdeg, 2. Februar, wëll d'Commission des associations laïques, vun där och d'AHA Member ass, am Detail op hire Virschlag ze schwätze kommen. De Wäerteunterrecht soll mat der Rentrée 2017 an d'Schoule kommen.