"Sammelplainte" géint Facebook

Een éisterräicheschen Dateschutz-Aktivist huet en Donneschden eng weider Plainte géint Facebook deposéiert. Aner Facebook-Notzer kënnen sech dëser “Sammel-Plainte” um Wiener Handelsgeriicht uschléissen a Schuedenersaz vun deem digitalen Netzwierk afuerderen.

Am Viséier ass Facebook Irland: d'Sociétéit, déi fir Facebook baussent den USA a Kanada zoustänneg ass. Och Notzer aus dem Grand-Duché kënne mat kloen. Eng Versécherung iwwerhëlt d’Prozesskäschte wann d’Initiativ géif scheiteren.

D’Plainte baséiert op 7 Haaptkritikpunkten, ë.a. géifen d’Dateschutzreegele vu Facebook grondsätzlech géint EU-Recht verstoussen. Illegal wier dann och, datt d’Notzer net no hirem expliziten Accord gefrot ginn, wann Date weider verwäert ginn. Am Viséier ass dann och d’Cooperatioun vu Facebook mam US-Geheimdéngscht NSA am Kader vum sougenannte Prism-Programm.

Detailer am Interview vum Pia Oppel mam Max Schrems vu “Europe versus Facebook”:

 

Zousätzlech Informatiounen um Site vun der Dateschutz-Initiativ “Europe versus Facebook”

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen