Dateschutz Safe Harbor Accord gekippt

Max Schrems
Max Schrems

Et ass een historeschen Arrêt vum europäesche Geriichtshaff: Déi national Autoritéite kënnen elo Plainten analyséieren, déi si vun europäesche Bierger kréien. Wa si der Iwwerzeegung sinn, dass d’USA déi privat Donnéeën net adequat schützen, kënne si den Transfert vun Donnéeë vun europäesche Facebook Abonnenten an d’USA verhënneren.

De Geriichtshaff rifft déi iresch Dateschutz-Autoritéit op, der Plainte vum Max Schrems nozekommen. Facebook huet säi Sëtz an Irland. Den éisterräicheschen Internet-Aktivist Schrems hat opgrond vun de Revelatiounen ëm déi weltwäit elektronesch Iwwerwaachung duerch den amerikanesche Geheimdéngscht NSA géint Facebook geklot. Hie war der Meenung, dass seng Donnéeën net sécher wären.

Grondrechter dauerhaft schützen

De Max Schrems ass frou iwwer den Arrêt vum Geriicht: “Alles, wat mir eis erwaart hunn, steet dran. Et gëtt elo wierklech spannend, wéi d’Reaktioun drop ass.” Déi grouss Fro wär, wéi een d’Grondrechter dauerhaft géif schützen. Eng laangfristeg Léisung gesäit den Internet-Aktivist just an engem politeschen Accord zwëschent den USA an Europa.

Déi grouss Neiegkeet wär, dass net méi alles gutt wär, wat d’USA géif maachen, just well dat an enger Entscheedung vun der EU-Komissioun géif drastoen, sou de Schrems. Fir déi grouss Konzerner, déi bei der Masseniwwerwaachung géife matmaachen, kéint dat problematesch ginn.

Safe Harbor Accord

Den europäesche Geriichtshaff argumentéiert, datt d’Dateschutz-Moossname vun der EU-Komissioun aus dem Joer 2000 just d’Grousskonzerner considéréiert hätt. Ëffentlech Autoritéiten, wéi d’NSA oder den FBI kéinte Reegelen, déi fir privat Entreprise gëllen, ëmgoen. Zum Beispill wann et ëm national Sécherheet oder ëffentlech Interesse géif goen.

Anescht wéi an Europa, ass et an den USA méiglech Donnéeë laang ze späicheren. EU-Bierger hu keng Rekursméiglechkeet, fir Donnéeën an den USA läschen ze loossen. Dat ass och eng Violatioun vun den europäesche Grondrechter.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen