Groussbritannien Sadiq Khan: Eng Victoire mat Nogeschmaach

De Sadiq Khan gëtt éischte muslimesche Buergermeeschter vu London. Et ass eng Victoire fir d’Sozialdemokraten – wann den Khan, knapps gewielt, net weider den Jeremy Corbyn a Fro géif stellen.

Martin Schauss (London)

Meenung Sadiq Khan London.jpg
Khan: Gläichzäiteg Kritiker vum Corbyn an Hoffnungsschimmer fir Labour

No zwou Amtszäite vum konservative Boris Johnson, stellen d’Sozialdemokrate rëm de Buergermeeschter vu London. Ma een Dag nodeems hie vereedegt gouf, distanzéiert den neie Buergermeeschter Sadiq Khan sech weider vu sengem eegene Parteichef, a stellt d'Wahlcampagne vum Jeremy Corbyn a Fro. Dobäi sollt de Khan de grousse Liichtbléck fir d’Sozialdemokrate symboliséieren.

D'Partei huet zwar an England keng Gemenge verluer – e positiivt Resultat no vill Skepsis – mee an de schottesche Parlamentswahlen um selwechten Dag gouf et eng zolitt Defaite. Do sinn d'Sozialdemokraten elo nëmmen nach drëtt Kraaft, hannert der Partei fir schottesch Onofhängegkeet an de Konservativen. Déi Konservativ konnten d’Zuel vun hire Sëtzer verduebelen a stelle lo déi gréisst Oppositioun a Schottland.

De Khan wëll Inklusivitéit propagéieren

Dem Khan säin Argument vis-à-vis vun der Parteilinn spigelt déi gréisser Zweiwel bei de Sozialdemokraten erëm: Déi aktuell lénks-orientéiert Approche wier net inklusiv genuch a géif nëmmen déi Wieler uspriechen, déi souwisou scho fir d’Labour Partei stëmmen. Inklusivitéit ass ebe grad deen Image, deen de Khan propagéiere well. Hien ass den éischte muslimesche Buergermeeschter vu London, de Fils vu pakistaneschen Awanderer, an opgewuess an enger Sozialwunneng.

D'Woche virun de Wahlen hunn zum Deel gewisen, wat um Spill stoung fir d’englesch Politik, mee och fir de Mediendiskurs. De konservative Kandidat fir London, de Zac Goldsmith, hat de Khan am Virfeld beschëllegt, islamisteschen Extremisten "Plattformen, Loft, Schutz an Excusë gebueden ze hunn" – als Mënscherechtsaffekot koum de Khan iwwer d’Joere mat islamesche Fundamentalisten a Kontakt. Der Wahlcampagne vum Goldsmith gëtt Rufmord an Islamophobie virgehäit.

Intern Enquête wéinst Antisemitismus

Gläichzäiteg hunn sech d'Sozialdemokrate misse géint Uschëllegunge vun Antisemitismus erklären. No ëmstriddenen Aussoen iwwer Israel an Zionismus vun enger Rei Parteimemberen, dorënner de Ken Livingstone, fréiere Buergermeeschter vu London, huet de Parteichef eng intern Enquête ugekënnegt. Déi grouss Norichteverbänn an England hu währenddeem wéineg Fangerspëtzegefill gewisen: Wierder wéi Antisemitismus, Antizionismus, a Rassismus goufe benotzt, wéi wann si all dat selwecht géingen heeschen.

D’Sozialdemokrate sinn am Ablack eng Partei mat ville Gesiichter, a vir muncher ass de Khan elo schonn dat villverspriechendst.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Martin Schauss
Lauschteren

Méi zum Thema

Waltraud Schelkle.jpg
EU-Referendum a Groussbritannien

D'Waltraud Schelkle vun der "London School of Economics" seet, dass ee Brexit negativ Konsequenzen fir de britesche Finanzsecteur hätt. Déi Lëtzebuerger Finanzplaz kéint dovunner profitéieren.

bigstock-British-Prime-Minister-David-C-83473328.jpg
Groussbritannien

Bréissel ass prett fir d'Relatioune mat Groussbritannien z'iwwerdenken. Mee geet dat duer fir d'Briten z'iwwerzeege fir an der EU bleiwen?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen