Fir de Moment plangt déi iresch Bëllegfluchgesellschaft just dës béid Zieler vum Findel aus unzefléien. An Zukunft kéinte weider Destinatiounen dobäi kommen, gouf den 100,7 gëschter scho gewuer. Op dësem Donneschdeg gouf d'Press offiziell informéiert, datt vum éischte September un ee Fluch pro Dag op London, a fënnef Flich d'Woch op Porto organiséiert ginn.
Lëtzebuerg kéint ëmmer méi zur Dréischeif fir Ryanair ginn, huet et gëschter geheescht. Ob doduerch vill direkt Aarbechtsplazen hei am Land geschafe ginn, ass onkloer.
Verloscht fir Frankfurt-Hahn
A Saachen Taxë soll Ryanair hei am Land keng Cadeaue gemaach kréien. Duerch d’Aktivitéite vu Ryanair zu Lëtzebuerg wäert de Fluchhafe Frankfurt-Hahn a Rheinland-Pfalz iwwerdeems weider verléieren.